
Den 8. Mee 2025 gouf den Amerikaner Robert Francis Prevost als Kierchepapp vun de Kardineel am Vatikan gewielt. Zanterhier leet hien als Poopst Leo XIV. d'Geschécker vun der kathoulescher Kierch. De Leo ass den éischte Poopst an der Geschicht, deen aus den USA kënnt.
Déi éischt zéng Méint op sengem Posten hat de Poopst Leo XIV. sech éischter zeréckgehalen, och wann hien déi israeelesch Attacken op d'Gazasträif ëmmer nees kritiséiert a sech och bei sengem Treffe mam Palästinenserpresident Mahmud Abbas fir eng Zwee-Staate-Léisung staark gemaach hat.
Nodeem de Leo XIV. sech dann och nach ëffentlech géint den amerikanesch-israeelesche Krich am Iran ausgeschwat an d'Virgoe vun den USA an Israel kritiséiert hat, hat den US-President Donald Trump de Kierchechef perséinlech attackéiert. De Leo hat doropshi probéiert, d'Situatioun ze entschäerfen.
Dat hat hien awer net dru gehënnert, fir sech bei senger rezenter Rees duerch véier afrikanesch Länner géint Krich an Despotismus ze positionéieren. Seng nächst gréisser Reese sinn a Spuenien an duerch Italien geplangt.
Et kann een dovunner ausgoen, datt de Leo säi resolutten Toun géint Krich och an dëse Länner wäert bäibehalen. Och Experte gesinn dëst esou, well de Vatikan sech aktuell Suergen doriwwer mécht, a wéi eng Richtung d'Weltpolitik ënnerwee ass.
E klengen Highlight fir de Grand-Duché gouf et dann am éischte Joer vum Leo senger Amtszäit, wéi dësen am Januar déi groussherzoglech Koppel an hir zwee Kanner empfaangen hat.
Nom Doud vu sengem Virgänger Franziskus, deen 12 Joer laang d'Geschécker vun der kathoulescher Kierch geleet hat, haten d'Kardineel sech zwee Deeg laang an der sixtinescher Kapell verschanzt, fir de Konklav ofzehalen. Um Enn gouf eben den Amerikaner Robert Francis Prevost un d'Spëtzt vun der Kierch gewielt. Wéi den US-President an engem Bäitrag an de soziale Medie wärend sengem Sträit mam Poopst geschriwwen hat, wier de Leo XIV. just gewielt ginn, well den Trump am Wäissen Haus géif sëtzen.