Nodeems e Vulkan an Indonesien ausgebrach ass, ginn e Freideg dräi Doudesaffer gemellt. Eng 20 Persounen, déi an der Géigend vum Vulkan gewandert waren, wéi deen ausgebrach ass, sinn nach als vermësst gemellt.
D'Sich no weideren Affer leeft op Héichtouren.
D'Gebitt ronderëm de Mount Dukono ass zanter dem 17. Abrëll offiziell gespaart, well Wëssenschaftler eng Hausse vu vulkaneschen Aktivitéite festgestallt haten. Lokalen Autoritéiten no hätt et beim Ausbroch um Freidegmoien haart geknuppt, d'Dampwollek iwwer dem Bierg duerno ass op iwwer 10 Kilometer gemooss ginn.