Klengt Land, héich VulnerabilitéitWat ka Lëtzebuerg fir seng eege Sécherheet maachen?

Cédric Ferry
Lëtzebuerg sollt sech asetzen fir eng EU, déi fäeg ass, a Saache Sécherheetspolitik Decisiounen ze huelen, sou de Constat vum Politolog Josip Glaurdić vun der Uni Lëtzebuerg.
© Cédric Ferry

Am éischten Deel vun eisem Gespréich mam Politikwëssenschaftler Josip Glaurdić ass et dorëms gaangen, wéi de Lëtzebuerger Public an d'Experten hei am Land d'Sécherheet vun Europa a Lëtzebuerg gesinn, a wéi d'EU am beschte sollt agéieren, fir d'Sécherheet vun der EU ze garantéieren, an de Public vun de Schrëtt, déi dofir néideg sinn, ze iwwerzeegen.

An dësem zweeten Deel geet et dorëms, wat Lëtzebuerg bannent der Europäescher Unioun ka maachen, fir seng eege Sécherheet ze garantéieren.

Klengt Land, héich Vulnerabilitéit

Am Luxsentinel-Rapport gëtt Lëtzebuerg als e Land beschriwwen, dat sech an engem strateegesche Spannungsverhältnis befënnt: Engersäits ass et e klengt Land, mat enger limitéierter Kapazitéit, seng Interesse mat klassesche Muechtinstrumenter duerchzesetzen. Op der anerer Säit ass et d'Suitte vun enger ëmmer méi instabiller Weltuerdnung, ekonomeschen Drockmëttel, Menacen am Cyberberäich a bei der Energieversuergung an och vun enger potentiell ëmmer méi onstabiller europäescher Uerdnung, där ee staark ausgesat ass.

D'Experten, déi fir d'Etüd befrot goufen, géingen dat dann och deementspriechend erkennen. Lëtzebuerg wier fir sech selwer kee grousse strateegeschen Acteur, ma géif sech awer duerch Expertis a bestëmmten Domäner an der europäescher Sécherheetspolitik abréngen. Fir 60 Prozent vun den Experte läit d'Lëtzebuerger Expertis am Beräich vun de Finanzen an der Ekonomie. 55 Prozent gesinn eist Land als Vermëttler, dee bannent der EU dru schafft, Koalitiounen ze bauen a mat 53 Prozent gesinn der bal genee esou vill et als wichteg Lieu de rencontre, wou europäesch an international Acteuren zesummekommen. 31 Prozent gesinn dann eng grouss Lëtzebuerger Expertis am Technologie- an Date-Beräich respektiv bei Aktivitéiten, déi a Relatioun mam Weltraum stinn a 27 Prozent gesinn eng grouss juristesch Expertis.

Och wann d'Experte kloer Domäner gesinn, an deene Lëtzebuerg grouss Expertis huet, gesi 40 Prozent vun den Acteuren d'Lëtzebuerger Aussepolitik als eng, déi haaptsächlech Positiounen anhëlt, déi vun deene méi grousse Memberstaate gesat goufen.

Et kann een also d'Fro stellen, wat Lëtzebuerg ka maachen, fir méi proaktiv fir seng eegen aussepolitesch Sécherheet ze suergen.

Dem Josip Glaurdić no misst ee virop verstoen, dass Lëtzebuerg als Grënnungsmember vun der Europäescher Communautéit am Prozess vun der Europäescher Integratioun eng méi grouss Roll gespillt huet, wéi een et reng vun der Gréisst vum Land hier kéint mengen. Ma et wier eppes komplett aneschtes, eng Féierungsroll an enger Communautéit vu sechs Länner anzehuelen, wéi dat an enger Gemeinschaft vu 27 Länner ze maachen. Et wier komplett normal, dass e klengt Land an esou engem Kontext net méi esou aflossräich wier.

Dat géing awer net bedeiten, dass een näischt kéint fir déi eege Sécherheet maachen. Tatsächlech wier Lëtzebuerg d'Thema vun der eegener Roll an der europäescher Sécherheet op eng clever Manéier ugaangen. D'Land hätt sech op Nische spezialiséiert, deenen awer eng besonnesch Wichtegkeet géing zoukommen. Genee dat wier och de Wee, op deem Lëtzebuerg an Zukunft misst weidergoen: "Wann s de dech selwer wëlls abréngen, da maach et an deene Beräicher, wou s de wierklech en Ënnerscheed kanns maachen. Also zum Beispill wann et ëm de Weltall a Satellitten oder ëm Cybersécherheet geet. Dat ass de Wee, op deen ee sollt goen."

Sech asetze fir en handlungsfäegt Europa

Donieft kéint a sollt Lëtzebuerg sech weider asetzen, fir de Prozess vun der Europäescher Integratioun virun ze dreiwen. Dat am Bezuch op zwou Dimensiounen. Aus dem Rapport géing nämlech kloer ervirgoen, dass weder de Public nach d'Experte géint eng Opnam vu weidere Länner sinn. Ma béid Gruppe sinn der Usiicht, dass een d'Erweiderung vun der EU misst u strateegeschen Interessien ausriichten, ouni dobäi déi etabléiert Krittäre fir e Bäitrëtt ze vergiessen. Gläichzäiteg misst séchergestallt ginn, dass d'EU fäeg bleift, Decisiounen ze huelen:

"Lëtzebuerg kann a sollt nach ëmmer méi maachen, fir d'Europäesch Integratioun weider unzedreiwen. Eppes, wat eise Rapport nämlech weist, ass dass de Public an d'Experten allebéid der Meenung sinn, dass déi aktuell Manéier, op déi an der EU Decisioune geholl ginn, net funktionéiert. Ma allebéid soe se awer, dass et méi Europa brauch. Mir brauchen eng besser a méi déif Europäesch Integratioun a wann et ëm Erweiderunge geet, brauche mer e Wee, dee Sënn mécht. Mech huet et iwwerrascht, dass weder d'Experten, nach de Public géint eng Erweiderung sinn. Allebéid wëllen awer eng Erweiderung, déi Sënn mécht a sech un de geopolitesche Besoinen orientéiert, déi mir als Unioun hunn."

Allerdéngs géing Lëtzebuerg aktuell a kengem vu béide Beräicher virausgoen. Fir de Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg gesäit et esou aus, wéi wa Lëtzebuerg sech am Bezuch op déi transatlantesch Partnerschaft mat den USA wéilt ofsécheren. D'Land wier kee Leader beim Opbau vun enger europäescher strateegescher Autonomie respektiv a Froe vu der europäescher Sécherheet. Et geséich aus, wéi wann d'politesch Decideuren an d'Geschäftswelt esou laang ewéi méiglech wéilten un der transatlantescher Partnerschaft festhalen. Dat wier engersäits nozevollzéien, ma anerersäits misst een och agesinn, dass de Kär vum Lëtzebuerger Staats- an Entwécklungsmodell an engem stabillen Europa léich:

"Nach eng Kéier: Eng funktionéierend transatlantesch Partnerschaft ass wonnerbar. Mä op engem gewësse Punkt muss ee realiséieren, dass d'Essenz vum Lëtzebuerger Staats- an Entwécklungsmodell e funktionéierend Europa ass, en Europa, dat am Fridde mat sech selwer ass an dat Fridden u senge Grenzen huet. Wann d'transatlantesch Partnerschaft dat erméiglecht; wonnerbar. Fir déi lescht 70 Joer huet se dat gemaach. Ma ass se elo dofir nach essentiel? Ech denken net. Deen Ament muss ee seng Iwwerleeungen änneren."

Déi gréisst institutionell Erausfuerderung wier iwwerdeems, dass d'EU déi wichtegst aussepolitesch Decisiounen nëmme kéint huelen, wann alleguer d'Memberlänner zoustëmmen. Dat misst op iergendeng Manéier änneren. Eng Propos dofir, wier déi vum Europa vun de verschiddene Vitessen. Hien hätt dëser laang skeptesch géigeniwwer gestanen, sou de Josip Glaurdić. Ma et wier aktuell déi bescht Solutioun, déi hie géif gesinn, déi och ëmsetzbar wier. An anere Beräicher géif dës Méiglechkeet, dass eenzel Länner sech zesummendinn, fir d'Zesummenaarbecht am Kader vun der EU méi wäit ze verdéiwen, ewéi anerer dat maachen, jo schonn zanter Joren erfollegräich applizéiert ginn, notamment beim Schengenraum a beim Euro.

Als klengt Land wier et fir d'Iwwerliewe vu Lëtzebuerg enorm wichteg, dass den internationale System vun Normen a Reegele vun der Souveränitéit respektéiert gëtt. Lëtzebuerg an Europa missten esou vill ewéi méiglech dofir maachen, dass d'Communautéit vun deene Länner, déi sech weider un dës Normen halen, esou grouss an esou staark ewéi méiglech bleift:

"Fir eng internationale Koalitioun vu Länner ze forméieren, déi sech dëse Prinzippie verflicht. Fir Alliéierter ze fannen, sief dat Kanada, Australien, Japan, Südkorea, Indien, südamerikanesch Länner, wou mer der och ëmmer fannen. Et geet drëms d'Fundament vun der reegelbaséierter Uerdnung ze erhalen, wann d'global Stëmmung ännert."

De Leit e System ginn, dee si wëlle verdeedegen

Schliisslech spillt och de finanziellen, ekonomeschen a budgetäre Volet e wichtegen Aspekt, wann et ëm d'Lëtzebuerger Sécherheetspolitik geet. E Bléck an d'Etüd weist, dass 51 Prozent vun den Experten a 25 Prozent vum Public eng ëmmer méi grouss ekonomesch Ongläichheet als Risk fir de Wuelstand vum Land gesinn. Iwwerdeems gesäit bal all fënnefte Member vum Public de Wuelstand duerch eng héich ëffentlech Verschëldung an Drock op de Budget menacéiert. Wéi soll ee Residenten, déi sech Suergen ëm ekonomesch Ongläichheet an de Budget maachen, vermëttelen, dass ee muss méi Suen an d'Defense stiechen. Suen, déi dann op anere Plaze wäerte feelen.

Dat wier dem Josip Glaurdić no effektiv eng schwéier Fro. De Budget wier nu mol e Kuch un 100 Prozent, déi ze verdeele sinn. Ma de Probleem wier méi komplizéiert, ewéi dës Verdeelungsfro. D'europäesch Gesellschafte stéinge virun der Erausfuerderung, dass déi jonk Generatioune verständlecherweis d'Gefill hätten, dass hiert Liewen net méi wäert besser sinn, ewéi dat vun de Generatioune virdrun. Den ekonomesche Modell hätt versot, wann et drëm geet, sech déi wirtschaftlech vulnerabel ze këmmeren a wann et ëm den Accès zu abordabelem Logement geet. Wann een déi nächst Generatioune laangfristeg wéilt vun der Néidegkeet vu Verdeedegungsausgaben iwwerzeegen, misst een dës zwee Probleemer léisen, anescht géif een hinne soen, dass een hir Sue bräicht fir e System ze verdeedegen, deen hinne géigeniwwer onfair ass:

"Da seet een hinnen am Wesentlechen, dass ee méi Sue misst fir d'Defense ausginn, wärend op der anerer Säit méiglecherweis sozial Mesuren zeréckschrauft. Et ginn awer Leit, déi dës Mesure brauchen, fir an engem onfairen ekonomesche System ze iwwerliewen. Et seet een de Leit also, dass een en dysfunktionale System wëll verdeedegen. Dat funktionéiert net. Dat maachen d'Leit net mat. Et wier e Schrëtt, dee fir si onlogesch wier."

Um Enn misst een et hikréien, en ekonomesche Modell ze schafen, dee méi fair wier wéi deen aktuellen an de Leit dann ze soen: Dat ass de System, dee mer verdeedegen.


Back to Top
CIM LOGO