
Am Atomkraaftwierk vu Cattenom funktionéiert aktuell just nach ee Reakter. An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg gouf d’Produktiounsunitéit Nummer 1 nämlech präventiv ausgeschalt. Dat huet Bedreiwergesellschaft EDF schonns de Weekend iwwer confirméiert. Grond ass den aktuell déiwe Peegelstand vun der Musel. Och zwee weider Reakteren um Site vu Chooz un der Meuse am franséisch-belsche Grenzgebitt goufen aus deem selwechte Grond ofgeschalt.
D'Reakteren 2 an 4 zu Cattenom sinn den Ament wéinst plangméissege Maintenanceaarbechten ausgeschalt.