VenezuelaZuel vun den Doudesaffer no den Äerdbiewen klëmmt op iwwer 6.000

AFP, iwwersat vun RTL
Iwwerdeems ass vu 17.000 Leit gewosst, déi bei de de Biewe blesséiert goufen.
© Andrea Nicoletti

Eppes iwwer e Mount nodeeems Venezuela vun zwee schwéieren Äerdbiewe getraff gouf, ass d'Zuel vun den Doudesaffer op 6.125 geklommen. Dat huet de President vum venezuelanesche Parlament, de Jorge Rodríguez e Méindegowend matgedeelt. D'Sich no vermësste Persoune geet iwwerdeems weider, sou dass d'Zuel vun den Doudege wuel nach wäert klammen.

Bis ewell ass vu 17.000 Leit gewosst, déi bei de Biewe blesséiert goufen. Op d'mannst 190 Gebaier si komplett an e Koup gefall an iwwer 16.200 sinn esou staark beschiedegt, dass kee méi an hinne ka wunnen. Knapps 24.000 Leit zu La Guaria a Varacas liewen den Ament a provisoresche Logementen. D'venezuelanescht Parlament huet d'leschte Freideg eestëmmeg e Gesetz ugeholl, dat et méi einfach soll maachen, fir Logementer ze verlounen. Ronn 400.000 Logementer sollen duerch d'Gesetz méi séier kënnen op de Locatiounsmarché kommen, sou déi venezuelanesch Interimspresidentin Delcy Rodriguez.

Back to Top
CIM LOGO