Virschau EU-Inneminister Drénglechkeetssëtzung iwwert d'Situatioun op Ceuta an de Schutz vun den EU-Baussegrenzen

Claudia Kollwelter
Zanter der massiver Arrivée vun Zéngdausende Migranten an der Enklav gëtt et vill Onrou an der europäescher Unioun.
© HENRY NICHOLLS/AFP

Eng ganz Partie Virwërf goufen an de leschten Deeg gemaach. 22 vun de 27 EU-Staaten hunn an engem gemeinsame Bréif e méi staarke Schutz vun den EU-Baussegrenze gefuerdert.

Verschidden EU-Memberstaaten, dorënner Italien an Dänemark, hu Spuenien reprochéiert, datt hir Migratiounspolitik mat Schold un der Kris wier. D'italieenesch Premierministesch Meloni huet betount, datt Spuenien d'Kontroll iwwert d'Baussegrenzen verluer hätt an als symbolesch Mesure temporär Kontrolle fir Reesender aus Spuenien agefouert.

De spuenesche Ministerpresident kritiséiert sengersäits dann d'Reaktioun vun enger Partie EU-Memberstaaten an schwätzt vun Virurteeler, Falschmeldungen a politeschen Interessien.

Lëtzebuerg huet dee Bréif, genee wéi och Frankräich a Portugal net ënnerschriwwen. Am Gespréich mat de Kolleege vum Radio 100,7 sot de Premier Frieden e Méindeg den Owend, dass Spuenien déi Kris gutt geréiert hätt. Hien hält dee Bréif un d'EU-Kommissioun fir onfair, an huet dem spuenesche Premier Sanchez och seng Solidaritéit ausgedréckt.

D'spuenesch Regierung hält och un hirer Positioun fest, datt Lager fir Asyldemandeuren ausserhalb vun der EU keng nohalteg Léisung sinn. Si setzt éischter op Zesummenaarbecht mat Hierkonfts- an Transitlänner an op eng gemeinsam europäesch Migratiounspolitik.

Déi Géigesätz wäerten d'Gespréicher vun den EU-Inneminister wuel dominéieren.

D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet versicht, d'Gemidder am Virfeld vun der Sëtzung ze calméieren. An engem Schreiwes huet si de Pedro Sánchez fir säin Agéieren an der Kris gelueft. Spuenien a Marokko wier et gelongen ze verhënneren, datt d'Migranten op d'spuenescht Festland an an Europa kéimen. D'Von der Leyen huet betount, datt Migratioun eng europäesch Erausfuerderung wier an dofir och eng europäesch Äntwert bräicht. Solidaritéit wier dofir vu grousser Bedeitung.

Back to Top
CIM LOGO