Tëscht 700 an 1.100 Gebaier zerstéiertAm Zesummenhang mat de Feier zu Spokane gouf ee Verdächtege festgeholl

AFP, iwwersat vun RTL
De Mann hat bei senger Verhaftung waasserresistent Fixspéin an e Kiche-Brenner bei sech
© ERICK DOXEY/AFP

US-Autoritéiten hunn e Mann festgeholl, dee verdächtegt gëtt, dat gréisst vun den dräi Feier, déi an de leschten Deeg ëm an an der Stad Spokane am Bundesstaat Washington gebrannt hunn, geluecht ze hunn. De 37 Joer alen Aaron Farinacci kritt Brandstëftung reprochéiert. Hie gouf festgeholl, nodeems en Zeien hien an der Géigend vun enger Wiss, an där d'Feier ausgebrach ass, hocke gesinn huet.

De Farinacci gouf schonn e Samschdeg eng éischte Kéier festgeholl, koum awer nees fräi. En Méindeg gouf hien eng zweete Kéier verhaft, nodeems d'Police hien a Relatioun mam Feier bruecht huet. Dat huet de Sheriff vum Spokane County John Nowels e Méindegowend op enger Pressekonferenz matgedeelt. Hien huet bei där Geleeënheet och gesot, dass de Verdächtege schonn eng Kéier wéinst Doutschlag verurteelt gouf. Wéi de Farinacci festgeholl gouf, wiere waasserresistent Fixspéin an e Kiche-Brenner bei him fonnt ginn.

Op Loftopname wier den Autoritéiten no ze gesinn, dass tëscht 700 an 1.100 Gebaier zerstéiert goufen, zanterdeem d'Feier de Weekend ausgebrach sinn. An der Géigend ëm Spokane wiere knapps 3.250 Hektar verbrannt. De lokalen Autoritéiten no, wiere bis ewell keng Blesséierter gemellt ginn.

Back to Top
CIM LOGO