
No 48 Stonnen sinn déi zwee grouss Feier am Bësch vu Fontainebleau bei Paräis ënner Kontroll, awer nach net geläscht. Wéi de Präfekt vum Departement Seine-et-Marne, de Pierre Ory op enger Pressekonferenz erkläert huet, déif "ënner Kontroll" an dësem Kontext bedeiten, dass d'Feier an engem bestëmmten Ëmkrees agegrenzt wieren. D'Pompjeeë missten awer wuel nach Deeg, wann net esouguer Wochen op der Plaz bleiwen, fir d'Flame komplett ze läschen.
Aktuell sinn dann nach 800 Pompjeeën, dräi Läschfliger vu Canadair, ee vun Dash, zwee Läschhelikopter vu Bombardier, grad ewéi Zaldoten, déi op d'Bekämpfe vu Bëschbränn spezialiséiert sinn, op der Plaz, fir géint d'Feier virzegoen.
Véier Verdächteg sëtzen den Ament nach an Untersuchungshaft. Ënnert hinne befënnt sech e fräiwëllege Pompjee, deen zouginn huet, dass hie mat Hëllef vu Bensinn Äscht a Brand gestach huet. En anere Mann huet iwwerdeems ausgesot, dass hien ongewollt e Feier gestart huet, wéi hie seng Zigarett wechgeheit huet. Wéi et an engem Schreiwes vum zoustännege Parquet heescht wieren déi zwee Männer am Joer 2007 gebuer a bis ewell net virbestrooft. De Pompjee hätt zu Arbonne-la-Forêt Feier geluecht an deen anere Mann hätt seng Zigarett am Secteur vun der Faisanderie wechgehäit.
Déi zwou aner Persounen, déi sech den Ament an Untersuchungshaft befannen, gi fir e Brand responsabel gemaach, dat d'leschte Sonndeg laanscht d'Autobunn A6 ausgebrach war.
Bis ewell sinn am Ganzen 2.000 Hektar Bësch zerstéiert ginn.