Tëscht Toodler an HeischentMaschinn op Feld a Flamen, dräi weider Vegetatiounsbränn am Laf vum Nomëtten

RTL Lëtzebuerg
Wéinst engem Brand um CR317 tëschent Toodler an Heischent ass op där Stréck den Ament e Pompjeesasaz vum CGDIS.

Wéi am Bulletin vum CGDIS ze liesen ass, wier hei op engem Feld eng landwirtschaftlech Maschinn a Brand geroden, dat géint 16:30 Auer. Duerch d'Feier gëtt et op der Plaz den Ament immens vill Damp an et ass den Appell vun der Police, dës z'evitéieren.

Am Asaz sinn d'Pompjeeën aus der Nordstad, Alebësch, Buurschent, Colmer-Bierg a Wolz.

Am Laf vum Nomëtteg gouf et dann awer och nach weider Vegetatiounsbränn uechter d'Land, sou zum Beispill kuerz no 15 Auer um CR102 tëschent dem Katrewang a Kielen, wou d'Pompjeeë vu Kielen, Koplëscht, Mamer an aus der Stad am Asaz waren.

D'Pompjeeë vun Tandel a Veianen sinn dann um 16 Auer op Bettel an d'Telleschbaach geruff ginn. An e weidert Vegetatiounsfeier gouf et da kuerz viru 17 Auer tëschent Konstem an Holztem um CR322. Hei waren d'Pompjeeë vun Housen a Pëtschent am Asaz. Bei kengem vun de Bränn koume Persounen zu Schued.

Back to Top
CIM LOGO