Representativ Etüd vun der Bertelsmann-StëftungMajoritéit vun den Däitschen onzefridde mam Funktionéiere vun der Demokratie

RTL mat AFP
Iwwerdeems kuckt och eng knapp Majoritéit vun den Däitschen éischter negativ an d'Zukunft.

52 Prozent vun den däitsche Residente ginn dovun aus, datt et den zukünftege Generatiounen an Däitschland méi schlecht wäert goen, wéi der haiteger. Dat geet aus der Etüd "Demokratie braucht Zuukunft" vun der Bertelsmann-Stëftung ervir. Dës baséiert op enger Ëmfro, déi d'Stëftung zesumme am Institut Yougov gemaach huet. D'Altersgrupp vun de 35 bis 64 Joer alen ass am pessimisteschsten, 54 Prozent vun hinne sinn der Meenung, dass dat wäert de Fall sinn. Bei deenen, déi méi al ewéi 65 Joer sinn, läit den Taux bei 52 Prozent. Bei deene méi Jonken vun 18 bis 34 Joer läit de Prozentsaz bei 48, woubäi nëmmen 13 Prozent an dëser Alterskategorie sech eng Verbesserung erwaarden.

Bei de Wieler vun der AfD ass de Pessimismus ganz prägnant, ganzer 76 Prozent ginn dovun aus, dass et deenen nächste Generatioune méi schlecht wäert goen, wéi der aktueller. Déi, déi am mannsten eng negativ Entwécklung erwaarden, sinn d'Unhänger vun de Gréngen a vun der SPD mat 40 respektiv 41 Prozent. Deemno erwaart eng knapp Majoritéit eng Verbesserung.

Wat d'Funktionéiere vun der Demokratie an Däitschland betrëfft, hu sech nëmme 25 Prozent zefridde geäussert, 37 Prozent sinn éischter net zefridden. D'Altersgrupp vun den iwwer 65 Joer alen huet mat 29 Prozent den héchsten Undeel vu Leit, déi zefridde mam Funktionéiere vun der Demokratie sinn. Bei deenen am Alter tëscht 18 a 34 Joer sinn zwar nëmme 24 Prozent éischter zefridden, mee et sinn der och nëmmen 31 Prozent déi onzefridden sinn. Am Altersgrupp tëscht 35 a 64 Joer sinn 38 Prozent onzefridde mam Funktionéiere vun der Demokratie an Däitschland, dat ass den héchsten Taux vun allen Altersgruppen. A kenger Altersgrupp gëtt et deemno eng Majoritéit, déi domat zefridden ass, wéi d'Demokratie funktionéiert.

Wat déi individuell Aarbechtsaussiichten ugeet, hu sech déi jonk Leit positiv gewisen. 74 Prozent hunn uginn, datt si sech sécher fillen, wat hire beruffleche Liewenswee ugeet. Fir d'Léise vu gesellschaftleche Probleemer, sief et ökologescher oder sozialer, wëllen nëmmen 38 Prozent sech asetzen. Bei de Fraen ass dësen Taux mat 43 Prozent méi héich wéi bei de Männer, bei deenen e bei 34 Prozent läit.

Un der Etüd hunn 2.117 erwuesse Persounen deelgeholl.

Déi ganz Etüd kënnt Dir hei liesen

Back to Top
CIM LOGO