Op der PompelBensinn gëtt méi bëlleg, Diesel a Masutt méi deier

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch um Hallefnuecht kënnt et nees zu ënnerschiddleche Präisverännerungen op der Pompel.
© Domingos Oliveira

De 95er Bensinn gëtt 1,4 Cent méi bëlleg a wäert domat vun Hallefnuecht un 1,684 Euro de Liter kaschten. Den 98er Bensinn gëtt ëm 1,3 Cent méi bëlleg a fält domat op 1,852 Euro de Liter.

Den Diesel gëtt dogéint e gudde Krack méi deier, nämlech ëm 4,5 Cent, woumat säi Präis vu Mëttwoch u bei 1,743 Euro de Liter läit. De Präis vum Masutt klëmmt ëm 4,7 Cent op elo 1,236 Euro de Liter.

D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.

Back to Top
CIM LOGO