
De Mann hätt zouginn, mat engem Briquet a Bensinn kleng Äscht a Brand gesat ze hunn, huet d'Procureure Diane Ngomsik en Dënschdeg matgedeelt. D'Feier huet zanter e Sonndeg iwwer 2.000 Hektar vun der "grénger Long" ronderëm Paräis zerstéiert.
Insgesamt wiere sechs Verdächteger vun der Police matgeholl ginn, esou d'Procureure vu Fontainebleau weider. Ee vun hinnen hätt zouginn, net express ee Feier ausgeléist ze hunn, wou hie seng Zigarett fortgeheit huet.
De risege Bëschbrand eng 60 Kilometer südlech vu Paräis war en Dënschdeg am Nomëtteg nach ëmmer net ënner Kontroll. An der betraffener Regioun ware véier Läschfligere vum Typ Canadair am Asaz, déi Waasser aus der Seine huelen, fir ze läschen. Insgesamt goufen 1.000 Leit a Sécherheet bruecht. Eng 850 Pompjeeë waren en Dënschdeg am Asaz.
D'Feier am Bësch vu Fontainebleau, dee ronn 25.000 Hektar grouss ass an dee vill Dages- a Kloter-Touristen unzitt, war e Sonndeg ausgebrach. Et ginn nach zwee gréisser Bränn an d'Feier geet wéinst dem Wand ëmmer nees un. D'Vegetatioun an d'Biedem si wéinst den dräi Hëtztwellen zanter dem Ufank vum Joer onheemlech dréchen.
Zanter dem Ufank vum Joer goufen a Frankräich a Bësch- a Wisebränn schonn 32.000 Hektar Land zerstéiert - méi wéi duebelt esou vill, wéi am ganze leschte Joer. D'Autoritéiten hu bis ewell landeswäit Dosende Leit festgeholl, déi am Verdacht stinn, bewosst Feier geluecht ze hunn oder se farlässeg ausgeléist ze hunn - zum Beispill duerch Zigaretten, déi einfach an d'Natur geheit goufen.
Wëssenschaftler ginn dovunner aus, datt et an der Suitte vum mënschegemaachte Klimawandel ëmmer méi an ëmmer méi schro Hëtztwelle wäert ginn, déi och Bëschbränn méi heefeg maachen.