
Sechs Doudeger, dat ass de Bilan nodeems en Dënschdeg an der Tour OXY zu Bréissel e Feier ausgebrach war. Am Gebai ginn den Ament Renovatiounsaarbechten duerchgefouert. D'Feier war um zweete Stack ausgebrach an huet duerno op op d'mannst ee Schacht vun engem Lift iwwergegraff. Eng Partie Aarbechter waren doropshin an engem Lift blockéiert.
En Dënschdegowend huet e Spriecher vum Bréisseler Buergermeeschter Philippe Close da géigeniwwer der Noriichtenagence AFP confirméiert, dass sechs Persoune gestuerwe sinn. Ugangs sinn d'Autoritéiten nach vun dräi Doudesaffer ausgaangen. Déi sechs verstuerwe Persoune mussen nach identifizéiert ginn.
De Grond vum Brand ass iwwerdeems nach net gewosst. Wéi de Parquet matdeelt, wäerte Sécherheetsinspekteren iwwerpréiwen, ob d'Sécherheetsmesuren um Chantier agehale goufen.
De belsche Kinnek Philippe an de Premier Bart de Wever hunn d'Plaz vum Ongléck en Dënschdegowend besicht a mat de Secouriste geschwat.