
Bei enger israeelescher Attack op e Policebüro am Norde vun der Gazasträif sinn aacht Persounen ëm d'Liewe komm. Dat mellt de palästinensechen Zivilschutz, deen ënnert der Kontroll vun der Hamas steet. De Policebüro hätt am westlechen Deel vum Flüchtlingslager Dschabalia gestanen. Déi aacht Läiche wieren an d'Al-Schifa-Spidol bruecht ginn. Dëst huet d'Spidol der Noriichtenagence AFP confirméiert.
D'israeelesch Arméi huet hirersäits confirméiert, dass een eng Attack op den Norde vun der Gazasträif lancéiert hätt. Dës hätt Terroriste gegollt. Weider Detailer goufen net genannt.