Knapp zwou Stonne vu Lëtzebuerg ewech5 Joer no Flutkatastroph am Ahrtal (D): Wéi gesäit et haut do aus?

Christian Schmit
De Bilan war tragesch: Honnerte vu Mënschen hunn hiert Liewe verluer an d'Infrastruktur an der Regioun gouf massiv zerstéiert.
© Christian Schmit

D'Héichwaasser ass mat extreemer Vitesse a voller Wucht komm. Warnungen an Evakuéierunge sinn awer vill ze spéit ageleet ginn.

Wéi gesäit et haut fënnef Joer méi spéit am Ahrtal aus?

De Christian Schmit ass op d'Plaz gefuer an huet mat Betraffene geschwat, mee och mat deene Leit, déi sech dofir asetzen, datt dës Katastroph net a Vergiessenheet geréit.

5 Joer no der Flut am Ahrtal (1)

Fir d'Regioun an hir Awunner ass et wichteg, datt dës Katastroph net a Vergiessenheet geréit – och aus Respekt virun den Affer, déi d'Héichwaasser gefuerdert huet.

"Memori AHR" an "We AHR Strong" sinn zwou Ausstellungen, déi elo, fënnef Joer dono, ageweit goufen. Si sollen d'Erënnerung un d'Katastroph erhalen an als Mahnmal fir d'Zukunft déngen.

De Christian Schmit huet sech déi zwou Ausstellunge bei sengem Besuch ugekuckt a sech hir Bedeitung erkläre gelooss.

5 Joer no der Flut Katastrof am Ahrtal (2)

Back to Top
CIM LOGO