
D'USA hunn en Dënschdeg weider Militärschléi géint den Iran lancéiert. Dobäi wier zu Bushehr an der Grenzregioun mam Irak a Kuwait dat eenzegt zivilt iranesch Atomkraaftwierk getraff ginn, heescht et vun den iraneschen Autoritéiten. Donieft wier och d'Stad Abadan, an där déi eelste Pëtrolsraffinerie am Noen Oste steet, getraff ginn. Déi iranesch Staatstelevisioun mellt och Explosiounen zu Bandar Abbas, enger Hafestad bei der Strooss vun Hormus.
Den israeelesche Premier Netanjahu huet sengersäits mat engem grousse Géigeschlag am Fall vun enger iranescher Attack op Israel gedreet.
Indien huet iwwerdeems den iraneschen Ambassadeur zitéiert. Dat nodeems et zu Attacken op zwee indesch Schëffer an der Strooss vun Hormus koum, bei deenen eng Persoun gestuerwen ass. Och d'Vereenegt Arabesch Emirater mellen Attacken op zwee vun hire Schëffer an der Mierengt, och an dësem Fall wier eng Persoun ëm d'Liewe komm.
De jordaneschen an de bahrainesche Militär mellen iwwerdeems, dass si iranesch Rakéiten ofgefaangen hätten, nodeems Teheran als Reaktioun op déi amerikanesch Ugrëffer sengersäits Attacken op d'US-Alliéiert an der Regioun lancéiert huet.
D'US "Central Command" huet dann annoncéiert, dass een - entspriechend dem Donald Trump sengen Uerderen - vun en Dënschdegowend 20 Auer un nees eng Blockad vun den iraneschen Häfe géif duerchsetzen.
D'Uelegpräisser hunn hirersäits op déi rezent Entwécklungen am Krich reagéiert. D'Referenz-Zorte "West Texas Intermediate" a "Brent" sinn en Dënschdeg ëm véier Prozent geklommen a kaschten elo 81 respektiv 87 Dollar de Barrel.