Koppel decidéiert sech ëmBill an Hillary Clinton wäerten an Epstein-Affär virum Kongress aussoen

AFP, iwwersat vun RTL
De Bill an d'Hillary Clinton hu sech bereet erkläert, am Fall ëm de verstuerwene Sexualstroftäter Jeffrey Epstein virum Kongress auszesoen.
De Bill an d'Hillary Clinton bei engem Staatsbanquet am Wäissen Haus am Mee 2024.
De Bill an d’Hillary Clinton bei engem Staatsbanquet am Wäissen Haus am Mee 2024.
© SAUL LOEB/AFP

De fréieren US-President Bill Clinton a seng Fra, déi fréier Ausseministerin a Presidentschaftskandidatin Hillary Clinton, hunn zougestëmmt, virum Kongress am Dossier ëm de verstuerwene Sexualstroftäter Jeffrey Epstein auszesoen. D’Koppel géif sech drop freeën, e “Prezedenzfall ze schafen, dee fir jiddweree gëllt”, sou e Spriecher e Méindeg via X.

Bis elo hat d’Koppel eng Ausso virun deem vu Republikaner dominéierte Comité verweigert. D’Affekote vun der Koppel argumentéieren, béid hätten den Deputéierte schonn all disponibel Informatiounen zur Verfügung gestallt. Wiere si elo net bereet, awer auszesoen, hätte si eng Uklo a méigleche Prisong riskéiert.

Den US-President Donald Trump ënnerstellt dem Bill Clinton iwwerdeems, hien hätt däitlech méi mam Epstein ze di gehat wéi hie selwer. Den Trump hat dowéinst Ermëttlunge géint de fréiere President an aner Politiker vun den Demokrate lancéiert.

Den Numm vum Clinton ass genee wéi dee vum Trump an d’Nimm vu sëllegen anere Politiker a Prominenter an de bis elo verëffentlechten Akten zur Epstein-Affär opgetaucht. E perséinlecht Feelverhale konnt bis elo awer weder dem Clinton nach dem Trump nogewise ginn.

De Fall Epstein belaascht den Trump zënter Méint, besonnesch well hie sech no ville Verspriechen am Walkampf laang geweigert huet, all d’Informatioune public ze maachen.

Dem gutt-vernetzte Finanzberoder a Millionär Epstein gouf virgeworf, an der Vergaangenheet méi wéi dausend Meedercher a Frae mëssbraucht an zum Deel u Prominenter weidergeleet ze hunn. Den Epstein, dee jorelaang mam Trump befrënnt war, war schonn 2008 verurteelt ginn, well hie Servicer vu mannerjärege Prostituéierte genotzt hat.

Wéinst engem ëmstriddenen Deal mam Parquet war d’Strof deemools awer just 18 Méint Prisong.

2019 gouf den Epstein ënner anerem wéinst weidere sexuellen Iwwergrëffer op Mannerjäreger nees festgeholl. Ronn ee Mount no senger Festnam gouf hien erhaangen a senger Zell an engem New Yorker Prison fonnt.

Der Conclusioun vun der offizieller Ermëttlung no huet den Epstein sech selwer d’Liewe geholl.

Back to Top
CIM LOGO