
D’Geriicht zu Oslo huet domat 4 Wochen Untersuchungshaft decidéiert, well Widderhuelungsgefor géing bestoen. Ursprénglech war geplangt, datt den Høiby de Prozess op fräiem Fouss sollt erliewen.
De 29 Joer ale Fils vun der Krounprinzessin steet vun en Dënschdeg u viru Geriicht an ass a 38 Uklopunkte beschëllegt, dorënner Vergewaltegung a véier Fäll, Mësshandlung a kierperlech Gewalt an enke Bezéiungen, Drogendelikter, Saachbeschiedegung a Verstéiss géint Kontakt- a Besuchsverbuet.
Den Høiby weist besonnesch d’Virwërf vun de Sexualdelikter zeréck, huet awer am Summer 2024 zouginn, ënner Alkohol- a Kokainafloss géint seng deemoleg Frëndin gewalttäteg ginn ze sinn an Objeten an hirer Wunneng zerstéiert ze hunn. Hien huet deemools och iwwer psychologesch Problemer a laangjäregen Drogemëssbrauch geschwat. Am Laf vun den Ermëttlunge goufen d’Ukloen ëmmer nees ausgebaut an hie gouf méi wéi eng Kéier festgeholl a verhéiert, ënner anerem am November 2024 eng Woch an Untersuchungshaft.
Am Laf vum Prozess solle méiglech Affer an Zeien, dorënner fréier Partnerinnen, aussoen, vill dovunner hannert zouene Dieren. De Marius Borg Høiby ass dat eelste Kand vun der Krounprinzessin Mette-Marit a Stéifjong vum Krounprënz Haakon. Hie gehéiert zwar zur Famill, ass awer kee Member vum norwegesche Kinnekshaus.
De Prozess géint hien ka bis Mëtt Mäerz daueren. Eng Prisongsstrof vu bis zu 10 Joer ass méiglech.