
An dësem Schreiwes huet d’Famill vun deem 35 Joer alen Alicia Merci gesot, fir déi vill ënnerstëtzend Messagen a Condoleancen, déi si kritt huet. D’Wierder, déi si op deene verschiddenen Noriichtesite gelies hätten, géifen d’Famill zudéifst beréieren an hinnen an enger schwéierer Zäit Trouscht spenden.
Donieft seet d’Famill vum Affer der Lëtzebuerger Police Merci fir hire groussen Asaz, deen zu enger séierer Festnam vum Verdächtege gefouert huet. Ausserdeem géif ee sech bei den Enquêteuren, déi fir de Fall zoustänneg sinn, fir hir Aarbecht an hiren Engagement bedanken. E besonnesche Merci géif och un d’Persoun goen, déi beim Versuch dem Alicia ze hëllefen, blesséiert gouf.
Weider deelt d’Famill da mat, dass d’Eltere vun der Verstuerwener am Geriichtsprozess als Partie civile wäerten optrieden. Wéinst dem Secret d’enquête wéilt een zu dësem Zäitpunkt awer keng weider Informatiounen iwwert de Fall matdeelen. Den Affekot vun der Famill huet RTL an engem Telefonsgespréich awer nach confirméiert, dass een den Ament géif driwwer nodenken, och a Frankräich juristesch Schrëtt an d’Weeër ze leeden.
Iwwerdeems gouf e Kont ageriicht, fir Sue fir d’Famill ze sammelen. Dat fir si beim Bezuele vun de Prozesskäschten ze ënnerstëtzen.