Police huet Éischt Hëllef geleeschtMann am Garer Quartier mat Messer ugegraff a blesséiert - Verdächtege festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police RTL op Nofro confirméiert, gouf e Méindeg ëm kuerz viru 14 Auer ee Mann an der Rue Adolphe Fischer net wäit vun der Zitha-Klinick mat engem Messer gepickt a blesséiert.
© Domingos Oliveira

Doriwwer, wéi schwéier d’Affer blesséiert gouf, konnt nach näischt gesot ginn. Beamte vun der Police hunn op der Plaz éischt Hëllef geleescht, esou d’Spriecherin vun der Police. Den Tatverdächtegte konnt gestallt ginn an d’Affer gouf an d’Spidol bruecht.

Wéi d’Police an hirem Bulletin ergänzt, hu sech d’Affer an de Verdächtegen éischten Informatiounen no kannt.

Back to Top
CIM LOGO