
En Dënschdeg de Moien huet en 13 Joer ale Jong an enger Schoul zu Rio Branco a Brasilien op Schoulpersonal a Schüler geschoss. Dobäi sinn zwou Persounen, béid Mataarbechter vun der Schoul, ëm d'Liewe komm. Zwou weider Persoune goufe blesséiert, dorënner och en 11 Joer aalt Meedchen, dat um Bee getraff gouf.
De Jong, dee selwer Schüler an där Schoul ass, huet sech nom Ugrëff der Police gestallt a gouf festgeholl. D'Pistoul, déi beim Ugrëff benotzt gouf, gehéiert dem Stéifpapp vum Täter, och hien ass vun der Police festgeholl ginn.
Zousätzlech ginn et Ermëttlunge géint aner Schüler, déi wuel mam Täter sollen zesummegeschafft hunn.
Zeienaussoen no solle verschidde Schüler probéiert hunn, iwwer eng sechs Meter héich Mauer ze klammen, fir am Hotel nieft der Schoul Schutz ze fannen. Anerer solle sech op den Dag vum Gebai gerett hunn.
Als Reaktioun op den Ugrëff huet d'Regierung vum Bundesstaat Acre ugekënnegt, datt d'Coursen an alle Schoule fir dräi Deeg suspendéiert ginn. Gläichzäiteg goufen Ekippe fir psychologesch Ënnerstëtzung mobiliséiert, fir Schüler an Enseignanten ze betreien.
D'Regierung huet den Affer vum tragesche Virfall hiert Bäileed ausgeschwat.
An de leschte Joren hunn Attacken op Bildungsariichtungen a Brasilien däitlech zougeholl. Am September 2025 sinn am Bundesstaat Ceará zwee Jugendlecher erschoss an dräi weider Persoune blesséiert ginn. Am Oktober 2023 ass bei engem änlechen Ugrëff an enger Schoul zu São Paulo e 17 Joer ale Schüler gestuerwen an dräi aner goufen dernieft blesséiert.
Weider zeréck, am Abrëll 2023, hat e 25 Joer ale Mann mat enger Aaxt an enger Crèche zu Santa Catarina véier Kanner am Alter vun dräi bis siwe Joer ëmbruecht.