11 Persounen dierfen net areesenBrittesche Rietsextremen Tommy Robinson huet zu grousser Maniff zu London opgeruff

RTL Lëtzebuerg
Eng 4.000 Policebeamte sinn an der brittescher Haaptstad wéinst dëser Maniff am Asaz.
Den brittesche Rietsextremen Tommy Robinson op der "Patriots Network"-Konferenzu den 2. Mee 2026 zu Paräis.
Den brittesche Rietsextremen Tommy Robinson op der "Patriots Network"-Konferenzu den 2. Mee 2026 zu Paräis.
© JULIE SEBADELHA/AFP

D'Police zu London preparéiert sech op e Groussasaz. De Rietsextremen Tommy Robinson huet fir e Samschdeg zu enger grousser Manifestatioun vu Vertrieder aus der rietser Zeen an der brittescher Haaptstad opgeruff. Zejoert hat hien am September iwwer 100.000 bis 150.000 Leit mobiliséiert kritt.

Déi brittesch Autoritéiten hunn 11 rietsextrem Aktivisten et verbueden, fir anzereesen, dat aus Angscht virun Haass a Gewalt. Dorënner och ee Member vun der däitscher AfD.

Déi 4.000 Policebeamten hunn annoncéiert, si géifen näischt toleréieren. Nieft der rietsextremer Manifestatioun ass och nach eng pro-palestinensesch Demo an d'Finall vum FA Cup am Fussball. An et gëtt gefaart, datt Hooligans sech ënnert d'Manifestante mësche kéinten.

Eng éischte Kéier sinn d'Organisateure vun de Manifestatioune juristesch responsabel, fir duerfir ze suergen, datt d'Leit, déi schwätzen, keen Opruff zum Haass maachen. Den ugeschloene brittesche Premier Keir Starmer huet zur Zréckhalung opgeruff.

Back to Top
CIM LOGO