WHO gëtt EntwarnungHanta-Virus-Variant vu Croisièresschëff huet net mutéiert a gouf net méi geféierlech

RTL Lëtzebuerg
Esouwuel d'WHO wéi och déi franséisch Autoritéiten hu bei der Analys vum Anden-Virus-Stamm keng Mutatioune festgestallt.
Illustratioun vun Prouwen, déi den Hantavirus enthale kënnen.
Illustratioun vun Prouwen, déi den Hantavirus enthale kënnen.
© ARMAN ONAL/Anadolu via AFP

D'Weltgesondheetsorganisatioun huet bis elo keen Indice duerfir, datt den Hanta-Virus, dee sech op engem Croisièresschëff am Atlantik vu Mënsch zu Mënsch iwwerdroen huet, par Rapport zu de bekannte Variante mutéiert hätt a méi geféierlech oder ustiechend gi wier. Dat hätte genetesch Analysen erginn, sou eng Expertin zu Genf.

Och vum franséischen Gesondheetsministère huet et e Freideg geheescht, et hätt een beim Sequenzéieren näischt an déi Richtung festgestallt. Eng franséisch Fra, déi am Fliger fir heem Symptomer entwéckelt hat, bleift an der Klinik weider an engem kriteschen Zoustand. En 20 Kontaktpersoune stinn iwwerdeems nach ëmmer ënner Quarantän. Bis elo sinn 3 Persounen un der sougenannter Anden-Variant op der MV Hondius gestuerwen.


Weider Artikele zum Sujet

Back to Top
CIM LOGO