
Dës Bommen, déi e Mëttwoch am Quartier "Auf Burghöhe/Auf Messenhöhe" fonnt goufen, ginn e Sonndeg de Moien entschäerft. Dat deelt d'Gemeng Bitburg wéi och déi aner zoustänneg Autoritéite mat. Dowéinst gouf och eng Zon vun engem Radius vun 300 Meter ageriicht, an där all d'Bewunner e Sonndeg wäerten evakuéiert ginn.
Bei de Bomme soll et sech dem Volksfreund no ëm zwou verschidden Zorten handelen. Eng Kéier wier et eng 125 Kilo schwéier amerikanesch Bomm an dann nach sechs 30 Kilo schwéier US-Bommen, déi am Zweete Weltkrich erofgehäit goufen. D'Entschäerfen ass fir e Sonndeg um 11 Auer virgesinn. D'Evakuatioune ginn da virun 9 Auer duerchgefouert.