
Den Dronekrich tëscht Russland an der Ukrain fuerdert all Dag nei Affer dorënner och Zivilisten. Am Weste vu Russland si bei enger weiderer Dronenattack zu Belgorod elo néng Mënschen blesséiert ginn, dorënner och e Meedchen vun 3 Joer.
A Kiew dreet mat weideren Attacken. Och géint déi russesch Pëtrolsindustrie. Dës Menace koumen, nodeems déi russesch Arméi dës Woch d'Ukrain sou massiv mat Dronen ugegraff hat, datt 24 Mënschen ëm d'Liewe komm sinn. Iwwerdeems huet e Geriicht zu Moskau der russescher Zentralbank Recht ginn, déi géint d'Afréiere vu russesche Gelder bei Euroclear an der Belsch geklot hat. Deemno misst Euroclear elo ëmgerechent Schuedenersatz an Héicht vu ronn 200 Milliarden Euro bezuelen.
D'Urteel war allgemeng erwaart ginn. De belsche Finanzdéngschleeschter huet annoncéiert, an Appell ze goen. D'Gestioun vun den agefruere russesche Staatsgelder war an der EU méintelaang diskutéiert ginn. Am Dezember hate sech d'Staats- a Regierungscheffe géint de Wëllen vun Ungarn an der Slowakei, drop gëeenegt, datt d'Suen bis op Weideres agefruer bleiwen. Dogéint huet déi russesch Zentralbank och geklot. Déi Kéier virum Europäesche Geriichtshaff. E Verdikt gëtt et hei nach net.