
Et ass schonn déi drëtt Kéier, datt eng Jury zu New York dëse Fall behandelt.
Am Mëttelpunkt vum Prozess stoung de Reproche, datt de Weinstein viru méi wéi zéng Joer d'Actrice Jessica Mann an engem Hotelzëmmer vergewaltegt hätt. Hie war schonn eemol dofir verurteelt ginn, mee dat Urteel gouf spéider opgehuewen.
Zënter 2017 hu vill Fraen dem Weinstein sexuell Mëssbrauch a Vergewaltegung virgeworf. Hien huet all d’Beschëllegunge bis elo zeréckgewisen.
De Procureur vu Manhattan, Alvin Bragg, huet erkläert, datt d’Justiz elo iwwerleet, ob de Prozess nach eng Kéier nei opgerullt gëtt. Hien huet der Jessica Mann Merci gesot, datt si ausgesot huet.
D’Affekote vum Weinstein hu gesot, datt d’Resultat weist, wéi staark d’ëffentlech Meenung géint hire Client wier. Si mengen, datt vill Leit et bal onméiglech fannen, hien als "net schëlleg" unzegesinn.
D’Jury hat sech dräi Deeg laang beroden, mee konnt sech net eens ginn. De Riichter huet schliisslech decidéiert, datt keng Entscheedung méi méiglech wier.