Aussergewéinlech vill ReenDausende Mënschen a Spuenien evakuéiert, a Portugal gouf et e weideren Doudegen

RTL mat AFP
E Mëttwoch huet et am Süde vu Spuenien aussergewéinlech staark gereent. Et koum zu Iwwerschwemmungen a sëllegen Zuchstrecke souwéi Stroossen hu misse gespaart ginn.
"Außergewöhnlicher" Starkregen ist am Mittwoch über der Iberischen Halbinsel niedergegangen. Im Süden Spaniens kam es zu Überschwemmungen, Bahnstrecken und Straßen waren unterbrochen.
“Außergewöhnlicher” Starkregen ist am Mittwoch über der Iberischen Halbinsel niedergegangen. Im Süden Spaniens kam es zu Überschwemmungen, Bahnstrecken und Straßen waren unterbrochen.
© AFP

Spuenien a Portugal si wéinst dem Stuerm “Leonardo” an héijer Alarmbereetschaft. Op der ibeerescher Hallefinsel hu méi wéi 3.500 Persoune missen evakuéiert ginn an a bal ganz Andalusien sinn e Mëttwoch d’Schoulen zou bliwwen. Stroossen an Zuchstrecke goufe gespaart. Am Südoste vu Portugal koum eng Persoun ëm d’Liewen, ma och Marokko mellt ongewéinlech vill Reen. Do hunn zanter leschtem Freideg souguer schonn iwwer 100.000 Mënsche missen evakuéiert ginn. Eleng e Mëttwoch sinn an Andalusien bis zu 40 Liter Reen pro Quadratmeter erofkomm.

De spuenesche Wiederdéngscht huet fir grouss Deeler vun Andalusien déi héchst Alarmstuf ausgeruff a viru méiglechen Iwwerschwemmungen an Äerdrutsche gewarnt. De Buedem an der Regioun wier duerch de ville Reen an de leschten Deeg komplett iwwersättegt an d’Flëss hätten elo schonn ze vill Waasser, sou de Rubén del Campo, Porte-parole vum spuenesche Wiederdéngscht Aemet. Duerch de Stuerm “Leonardo” kéim elo nach eng eminent Quantitéit Reen no, nieft staarker Loft. D’Meteo kéint och bis e Samschdeg esou bleiwen. Eng Persoun gëllt als vermësst. Eng Fra war e Mëttwoch an der andalusescher Gemeng Sayalonga an de Floss Turvilla gefall. No hir gëtt aktiv gesicht.

Eng Alerte rouge gouf et fir d’Biergregioun vu Grazalema a Ronda souwéi déi ganz Regioun ronderëm Gibraltar. Am Uert Grazalema an der Provënz Cádiz huet et eleng e Mëttwoch souvill gereent, wéi zu Madrid wärend engem ganze Joer, sou nach de Rubén del Campo. Am Süde vu Spuenien besteet elo zousätzlech nach de Risk, dass e puer Flëss iwwer d’Ufer trieden.

De spuenesche Rettungsservice war an de leschte Stonnen nonstop am Asaz, et gouf zum Gléck awer keng gréissere Virfäll oder Doudesaffer. Et waren och ronn 400 Zaldote mat am Asaz.

En Donneschdeg de Moie gouf et eng liicht Entwarnung. Déi héchst Alarmstuf gouf opgehuewen, trotzdeem besteet eng akut Warnung weiderhin. Et wäert weiderhi vill reenen an et wäert och sécher zu Iwwerschwemmunge kommen. Op d’mannst den Unterrecht konnt a verschiddenen Deeler vun Andalusien nees ofgehale ginn, bleift an deene Gebidder, déi nach ëmmer staark affektéiert sinn, weiderhin ausgesat.

Nopeschland Portugal och betraff

Vill gereent huet et an de leschte Wochen och a Portugal. Duerch de Stuerm “Kristin” sinn op d’mannst fënnef Persounen ëmkomm. Mam neie Stuerm huet fir vill Deeler vum Land déi héchst Alarmstuf gegëllt. Dat Schlëmmst schéngt en Donneschdeg awer iwwerstanen.

E Mann vu 60 Joer koum an der Nuecht op en Donneschdeg ëm d’Liewen, nodeems säin Auto vun de Waassermasse mat ewechgerappt gouf, wéi hien duerch en iwwerschwemmte Gebitt fuere wollt. De Mann war um Enn a sengem Gefier dout fonnt ginn. Geschitt ass d’Ongléck net wäit vun der Gemeng Serpa am Südoste vu Portugal.

An de méi nërdlechen a mëttlere Regiounen huet de lokale Wiederdéngscht nach viru Schnéi gewarnt. Eng 200 Persoune goufen am Zentrum vum Land evakuéiert a gutt 83.000 Stéit a Firmen hu kee Stroum méi wéinst dem Reen.

Stauséi a Marokko op historeschem Héchststand

Weider südlech vu Portugal, a Marokko, gëtt et zanter e Freideg en änlecht Bild. Am Nordweste vum Land goufen zanterhier iwwer 100.000 Persoune virsuerglech evakuéiert. Betraff ass virun allem d’Provënz Larache, ronn 100 Kilometer südlech vun Tanger, an och nach d’Stad Ksar El Kebir, déi besonnesch fir hir Landwirtschaft gepräägt ass. De Stauséi Oued El Makhazine, ronn 10 Kilometer vu Ksar El Kebir ewech, huet der Regierung no en historeschen Héchststand vun 146,85 Prozent erreecht.

Vill Reen a Spuenien an a Portugal
Dausende Mënsche goufen a Spuenien evakuéiert an a Portugal gouf et e weideren Doudegen, mä och Marokko ass betraff.

Back to Top
CIM LOGO