Am US-Bundesstaat DelawareEx-Mann vu fréierer First Lady Jill Biden wéinst Mord u senger Fra ugeklot

AFP, iwwersat vun RTL
Den Ex-Mann vun der fréierer First Lady gouf am Bundesstaat Delaware festgeholl a wéinst Mord u senger aktueller Fra ugeklot.
D'Jill Biden zesumme mam fréieren US-President Joe Biden bei der Aweiung vum International African-American Museum zu Charleston, South Carolina, am Januar 2025.
D’Jill Biden zesumme mam fréieren US-President Joe Biden bei der Aweiung vum International African-American Museum zu Charleston, South Carolina, am Januar 2025.
© GRANT BALDWIN/Getty Images via AFP

De William Stevenson, Ex-Mann vun der fréierer First Lady Jill Biden, gouf festgeholl a wéinst Mord u senger aktueller Fra, der 64 Joer aler Linda Stevenson, ugeklot. Geschitt ass d’Dot am Haus vun der Koppel am Bundesstaat Delaware am Dezember lescht Joer, wéi et vun der Police heescht.

De 77 Joer ale Stevenson war mat der Jill Biden vun 1970 bis 1975 bestuet. Zwee Joer drop huet si dunn den Joe Biden bestuet, mat deem si wärend senger Amtszäit als President zesummen als First Lady am Wäissen Haus gewunnt huet.

D’Police hat d’Linda Stevenson den 28. Dezember dout an hirem Doheem fonnt, dat nodeems si wéinst Gewalt am Stot op d’Plaz geruff goufen. Versich, fir d’Fra ze reaniméieren, waren ouni Succès.

Weider Detailer iwwert d’Doudesursaach oder den aktuelle Stand vun der Ermëttlung ginn et den Ament keng. Well hien d’Kautioun vu 500.000 US-Dollar Cash net bezuele konnt, bleift de William Stevenson bis op Weideres am Prisong.

Back to Top
CIM LOGO