
De sougenannte “New-Start-Accord” tëscht den USA a Russland leeft dësen Donneschdeg of. Den Atomwaffen-Ofrëschtungsvertrag, deen 2010 vum US-President Obama an dem russesche President Medvedev ënnerschriwwe gi war.
Washington a Moskau hate sech dodra verflicht, maximal just jeeweils 1.550 atomar Sprengkäpp ze besëtzen. D’lescht Joer hat de russesche President Putin dem Donald Trump proposéiert den Accord ëm e Joer ze verlängeren. Dat wier eng gutt Iddi sot deemools den Trump, mä bis haut gouf näischt ënnerschriwwen.