
En US-amerikanesche Stealth-Kampffliger vum Typ F-35C huet eng iranesch Shahed-139-Dron ofgeschoss, déi op aggressiv Aart a Weis dem Krichsschëff USS Abraham Lincoln no komm wier, sou den Tim Hawkins, Spriecher vum US Central Command an engem Communiqué. Ronn 800 Kilometer virun der Côte vum Iran wier et am Arabesche Mier zu deem Tëschefall komm. Trotz preventive Moossname wier d’Dron weidergeflunn, sou dass de Pilot vum Fliger se ofgeschoss hätt, fir sech a fir d’Schëff mat senger Besatzung ze schützen.
Donieft ass e weideren Tëschefall confirméiert ginn. Spéider am Dag wieren zwee Booter vun den iranesche Revolutiounsgarden an eng Dron dem Tanker MV Stena Imperative, deen ënner US-amerikaneschem Fändel fiert, an der “Strooss vun Hormus” mat héijer Vitess méi no komm an hätten iwwer Funk de Kapitän opgefuerdert, d’Motoren auszeschalten a sech op eng Kontroll virzebereeden. Doropshin wier den Tanker méi séier gefuer an hätt preziséiert, dass si net an iranesche Gewässer géife fueren. Den Zerstéierer USS McFaul, zesumme mat Ënnerstëtzung vun der US Air Force, eskortéiert zanterhier den Tanker. Déi brittesch Autoritéit fir maritim Sécherheet hat de Virfall gemellt, ugangs ouni d’Nationalitéit vum concernéierte Schëff ze nennen.

D’Spriecherin vum Wäissen Haus Katherine Leavitt huet nom Ofschoss vun der Dron kloergestallt, dass d’Atomgespréicher mam Iran, no aktuellem Stand, weidergefouert wäerte ginn. Dem Trump säi Sonneremissär Steve Wittkoff soll am Laf vun der Woch mat iranesche Responsabelen zesummekommen. Allerdéngs hätt den US-President verschidden Optiounen um Dësch leien, eng dovu wier militäresch Gewalt, sou d’Leavitt weider an engem Tëleesinterview.
Am Virfeld vun deene Gespréicher sot den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu bei enger Renconter mam Steve Witkoff zu Jerusalem, dass den Iran ëmmer rëm bewisen hätt, dass “hinnen net ze traue wier”.