
E Schaffner, deen e Méindeg bei enger Ticketskontroll ugegraff a liewensgeféierlech blesséiert gouf, ass e Mëttwoch u senge schwéiere Blessure gestuerwen, wéi d’Deutsche Bahn zu Berlin matdeelt. “Mir alleguerte bei der Deutsche Bahn verurteele mat aller Schäerft dëse schreckleche Gewalt-Exzess an den absolut sënnlosen Doud vun eisem Kolleeg. Mir mussen eis all d’Fro stellen, firwat et ëmmer nees zu esou Gewalt-Ausbréch kënnt”, sou d’Virstandscheffin vun der Deutsche Bahn, d’Evelyn Palla.
Wéi d’Polizeipräsidium Westpfalz en Dënschdeg matgedeelt hat, war de Schaffner e Méindeg den Owend an engem Regionalexpress bei enger Ticketskontroll attackéiert ginn, wéi den Zuch vun der Gare vu Landstuhl fortgefuer ass. Hien hätt kuerz virdru versicht, e Passagéier ouni gültegen Ticket aus dem Zuch ze verweisen.
De 36 Joer alen Zuchbegleeder hat beim Ugrëff esou schwéier Blessuren dovugedroen, datt hien op der Plaz misst reaniméiert ginn, sou d’Police weider. De Schwéierverletzte gouf du vun de Rettungsdéngschter an e Spidol bruecht.
De 26 Joer ale presuméierten Täter gouf der Police no nach op der Plaz festgeholl. D’Ermëttlung wéinst dem Verdacht op versichten Totschlag huet d’Kriminaldirektioun Kaiserslautern iwwerholl.
De Chef vun der Eisebunnsgewerkschaft EVG Martin Burkert hat sech nom Ugrëff “bestierzt a fassungslos” gewisen. Virun allem wier d’Zuchpersonal awer “rosen”, dat well d’Zuel vun den Iwwergrëffer an Zich a Busser zanter Jore klamme géif – ouni Reaktioun vun der Politik.
Iwwer Jore wier bei der Sécherheet vum Personal an de Passagéier gespuert ginn, huet de Gewerkschaftschef resuméiert. “A villen Zich am Noverkéier ass nëmmen een Zuchbegleeder am Asaz. Sécherheetspersonal fiert bal ni mat”, sou de Martin Burkert weider.