Libesch Medie mellenBouf vun Ex-Diktator al-Gaddafi ermort

RTL Lëtzebuerg
Den 53 Joer ale Saif al-Islam al-Gaddafi, dee vum Internationale Geriichtshaff gesicht war, soll doheem vu 4 arméierte Männer exekutéiert gi sinn, melle libesch Medien.
De Saif al-Islam al-Gaddafi ass warscheinlech ëmbruecht ginn
De Saif al-Islam al-Gaddafi ass warscheinlech ëmbruecht ginn
© IMED LAMLOUM/AFP

De Saif al-Islam al-Gaddafi, zweeteelste Bouf vum fréieren Diktator Muammar al-Gaddafi, wier dout, melle libesch Medien. Eng national Tëleeschaîne huet sech dobäi op dat not Ëmfeld beruff, ouni ugangs Detailer zu den Ëmstänn ze nennen.

Spéider ass gemellt ginn, véier arméiert Männer hätte fir d’éischt d’Iwwerwaachungskamerae vum al-Gaddafi senger Residenz neutraliséiert, duerno d’Haus gestiermt an hien dunn exekutéiert. Verschidde Quelle mellen, dass hien am Süde vun der Stad Zenten, am Weste vum Land, ëmbruecht gi wier. Laang war net bekannt, wou hie sech géing ophalen. Wien hannert der Dot stécht, ass nach onkloer.

Laang Zäit war de Saif al-Islam al-Gaddafi, deen 1972 op d’Welt komm war, als potentiellen Nofollger vu sengem Papp gehandelt ginn, a war vum Internationale Geriichtshaff gesicht wéinst Verbrieche géint d’Mënschlechkeet. Zu Zenten war hie laang am Prisong an 2015 zum Doud verurteelt ginn, éiert hie vun enger Amnestie profitéiert hat fir fräi ze kommen.

Zanterhier hat sech de Saif al-Islam al-Gaddafi den Image vum moderate Reformateur ginn, deen awer gelidden hat, nodeems hien am Ufank vun der Rebellioun am Land Bluttvergéisse versprach hat. 2021 hat hie sech, trotz dem internationale Mandat d’arrêt, fir d’Presidentschaftswalen opgesat. Zu deene Wale war et awer schlussendlech ni komm.

Zanter dem Stuerz vu sengem Papp Muammar al-Gaddafi 2011 war Libyen net zur Rou komm. E fréiere Porte-parole vum Regimm schwätzt vun engem “perfiden” Akt. Experten aus der Regioun géif et net wonneren, wann de Saif als Märtyrer stiliséiert géing ginn.

Back to Top
CIM LOGO