
Den Alan Greenspan, laangjärege Chef vun der US-Zentralbank (Fed), ass am Alter vun 100 Joer gestuerwen. Hie gouf als ganz aflossräichen Ekonom betruecht a huet ënner véier US-Presidenten d'Geldpolitik geleet. An där Zäit huet hien de moderne amerikanesche Kapitalismus staark matgepräägt, besonnesch wärend enger laanger wirtschaftlecher Boomphas vun 1991 bis 2001. Hie war vun 1987 bis 2006 President vun der amerikanescher Zentralbank.
Gläichzäiteg gouf hien och kritiséiert: verschidde Experten gesinn a senge wirtschaftspolitesche Decisiounen a senger Ënnerstëtzung vun enger méi schwaacher Reguléierung vum Finanzsecteur eng Grondlag fir d'Finanzkris vun 2007/08.
Privat gouf hie vun senger Fra Andrea Mitchell als léiwen a passionéierte Mënsch beschriwwen, mat Interesse fir Sport a Musek, besonnesch Jazz.