
Verschidde Communautéiten hu grad duerch hir Presenz an de Swing States eng enorm wichteg Roll an dëse Presidentschaftswalen. D’RTL-Journalistin Annick Goerens erkläert eis, ëm wat et geet.
D’Annick Goerens war en Dënschdeg de ganzen Dag am Utah ënnerwee. Enger Etüd vun 2015 no ass dëse Staat am Südwesten ee vun de “republikaneschsten” an den USA. An dat huet een Haaptgrond: d’Mormonen. Déi sougenannt Church of Jesus Christ of Latter-day Saints (LSD; op Däitsch “Kirche Jesu Christi der Heiligen der Letzten Tage”) maachen 42 Prozent* vun all de Residenten an dësem Bundesstaat aus. A si si grad am Utah extrem konservativ a leien deemno méi op enger Linn mat de Valeure vum Donald Trump.
Aktuell ass d’Annick Goerens awer an Arizona, net wäit vum Grand Canyon. Arizona ass een haart-ëmkämpfte Swing State. Hei ginn et ronn eng hallef Millioun Mormonen op ronn 7 Milliounen Awunner. 2016 huet den Trump hei mat 3,5 Prozent géint d’Hillary Clinton gewonnen. 2020 huet hie mat manner wéi engem Prozent de Vott un den Joe Biden verluer. D’Mormonen hunn duerch hir Pionéier-Vergaangenheet e Problem domat, dass hie sou haart géint d’Migratioun virgeet. An och dass den Trump d’Verfassung a Fro stellt an eng Verantwortung ze droen huet, bei der Attack op d’Kapitol 2021.
Op der anerer Säit ass d’Kamala Harris fir e Recht op Ofdreiwung - domat hunn d’Mormonen e Problem.
Ma och aner Communautéite kéinte bei de Walen nach eng grouss Roll spillen. De Monument Valley an Arizona kennt all Mënsch, mat senger impressionanter Wüüstelandschaft mat deene grousse Fiels-Formatiounen. Hei goufen all d’Western gedréint - den John Wayne seet Bonjour.
Wat hei wichteg ze wëssen ass: et ass Navajo-Territoire. Dat ass déi zweetgréissten “Native American"-Communautéit an den USA mat ronn 300.000 Leit. D’Navajo hunn hir eege Gesetzer, hir eege Geriichter, hir eege Police. Verschidde wonnerschéin Touristen-Attraktiounen, wéi den Antelope Canyon, dierf een och just kucke goen a Begleedung vun engem Member aus där Communautéit.
D’Navajo goufen als Vollek laang ënnerdréckt an net wouer geholl a si sinn och haut nach ëmmer ënnerrepresentéiert. Mee si maachen am Battleground State Arizona 6 Prozent vun der Populatioun aus. An wann ee weess, dass et an de Swing States dacks op manner wéi 1 Prozent ukënnt, da weess een, firwat sech Harris an Trump esou druginn, fir bei dëse Leit unzekommen.
Dem Annick Goerens seng Navajo-Guidin huet erkläert, dass d’Navajo eigentlech ëmmer pro-Demokratesch wielen. Also déi, déi iwwerhaapt wiele ginn. Vill Navajo hunn emol keng richteg Adress, well se an Hütten an der Pampa liewen. An ouni Adress huet een och kee Recht ze wielen. D’Navajo wielen - der Guidin no - meeschtens demokratesch, well d’Symbol vun den Demokraten een Iesel ass. An dat vun de Republikaner een Elefant. An der Kultur vun den Navajo-Indigeene sinn Ieselen een Zeeche fir Loyalitéit a Sécherheet.
Wéi vill Folklore do dran ass a wéi vill Realitéit, léisst natierlech net préiwen. Mee e weidert interessant Element. Navajo-Communautéit ass matriarchalesch. D’Proprietéite gehéieren de Fraen an d’Fraen ierwe virun de Männer. A genee dofir misst een absolut elo als Navajo nach méi fir d’Demokrate stëmmen: domat hätt een net just eng Fra, mee och nach eng schwaarz Fra, also eng Representantin vun enger Minoritéit.
*De Pourcentage geet souguer erop bis op deels 60 Prozent, mee vill praktizéieren hir Relioun net méi wierklech a wëllen dofir och net onbedéngt als LSD presentéiert ginn.

US-Walen: 1. Etapp - Kalifornien (1): D’Jill Kries erkläert eis wéi de Sunshine State politesch tickt
US-Walen: 1. Etapp - Kalifornien (2): Wat läit den Amerikaner uewen a wéi gesi si sech selwer?
US-Walen: 1. Etapp - Kalifornien (3): Firwat ass Kalifornien een demokratesche Staat?
US-Walen: 2. Etapp - Kalifornien - Los Angeles: Déi meescht Republikaner sinn net extrem – och wa se Trump wielen
US-Walen: 3. Etapp - Nevada - Las Vegas: De Walkampf an de Swing States ass “Too close to call”