PakistanOp d'mannst 17 Doudeger no Attentater uechter den Nordweste vum Land

AFP, iwwersat vun RTL
Wéi et aus pakistanesche Sécherheetskreesser heescht, sinn an der pakistanescher Grenzregioun Khyber Pakhtunkhwa bei zwee Bommenattentater an enger Schéisserei op d'mannst 17 Leit ëmbruecht ginn.
© KARIM ULLAH/AFP

Weider 27 goufen deemno blesséiert. Bei engem Selbstmordattentat mat engem mat Sprengstoff chargéierte Gefier sinn 8 Sécherheetsleit an ee Kand ëmbruecht ginn, dat am Distrikt Bajaur. An der Stad Bannu wieren den Autoritéiten no zwee Zivilisten duerch eng an enger Rikscha verstoppter Bomm ëmbruecht ginn, 17 Persoune goufe blesséiert. Am Distrikt Shangla gouf et da sechs Doudeger no engem Schosswiessel tëschent Polizisten a Militanten, op béide Säite si jeeweils dräi Persounen ëm d’Liewe komm. Weider heescht et vun den Autoritéiten, datt d’Zuel vun den Doudesaffer nach klamme kéint.

Un der pakistanescher Grenz zu Afghanistan kënnt et ëmmer nees zu déidlecher Gewalt duerch Milizen. Besonnesch zanter d’Taliban am Nopeschland am August 2021 nees d’Muecht iwwerholl hunn, kënnt et tëschent Unitéite vu béide Länner ëmmer nees zu Kämpf. Pakistan reprochéiert Kabul dobäi ëmmer nees Milize Schutz ze ginn, déi fir Attacken am Pakistan responsabel solle sinn.

Dëse Mount réischt koumen no engem Bommenattentat an enger schiitescher Moschee an der Haaptstad Islamabad 31 Leit ëm d’Liewen an 169 Persoune goufe blesséiert. D’dschihadistesch Miliz IS hat d’Attack fir sech revendiquéiert.

Back to Top
CIM LOGO