Bei engem Virfall mat Schosswaffe wärend engem Äishockey-Match koum et der Police no en Dënschdeg zu op d’mannst zwee Doudegen. De presuméierten Täter, sou heescht et, wier och dout. Dräi Persoune wieren an e Spidol bruecht ginn, erkläert d’Cheffin vun der Police aus der Gemeng Pawtucket, déi am Bundesstaat Rhode Island läit. Éischten Ermëttlungen no deit villes op e “Familljesträit” hin.
Déi blesséiert Affer géife sech der Police no an engem “kriteschen Zoustand” befannen. Geschitt ass de Virfall an der Hal vun der Äispist “Dennis M. Lynch” zu Pawtucket.

A Videoen an de soziale Medien, déi net säitens der AFP konnte verifizéiert ginn, ass ze gesinn, wéi Spiller, Schüler a Spectateuren an Deckung ginn a probéiere fortzelafen. Hei wieren op d’mannst 12 Schëss ze héiere gewiescht. “No de Schëss sinn d’Leit aus meng Ekipp an ech direkt an d’Vestiäre gelaf”, sou en Zeien, deen um Äis stoung, wéi d’Schëss gefall sinn, engem Lokalsender géigeniwwer. “Mir hunn eis géint d’Dier gedréckt a probéiert, do ënnen a Sécherheet ze bleiwen.”
Waffegewalt ass en alldeegleche Problem an den USA, e Land, an deem et méi Schosswaffe gëtt, wéi Awunner. Versich, fir d’Wafferecht ze verschäerfen, stousse bis ewell awer op massive politesche Widderstand, virun allem am rietse politesche Lager an an der Waffelobby. Dobäi gëtt meeschtens op d’Recht an der US-Verfassung verwisen, dat all US-Bierger et erlaabt ass, eng Waff ze besëtzen an och ze droen.