Asaz fir Egalitéit a GläichberechtegungDen US-Biergerrechtler Jesse Jackson am Alter vu 84 Joer gestuerwen

AFP, iwwersat vun RTL
Wéi et säitens der Famill heescht, ass hien en Dënschdeg friddlech am enke Krees entschlof.
© GIANLUIGI GUERCIA/AFP

De bekannten US-Biergerrechtler Jesse Jackson ass dout. De schwaarze Politiker, Paschtouer a Frënd vum Martin Luther King ass en Dënschdeg am Alter vu 84 Joer gestuerwen, dat deelt d’Famill vum Jackson mat. “Säi staarke Glawen u Gerechtegkeet, Gläichheet a Léift huet Millioune Leit inspiréiert”, heescht et weider an der Erklärung.

Wéi seng Famill schreift, ass den Jesse Jackson en Dënschdeg “friddlech am Krees vu senger Famill” gestuerwen. D’Famill fuerdert d’Leit dozou op, a Gedanken un den Jackson, säi Kampf fir Wäerter wéi Egalitéit a Gläichberechtegung weiderzeféieren.

De deemolege US-President George Bush, zesumme mam Jesse Jackson am November 1988.
© JEROME DELAY/AFP

Zënter de 60er Joren hat den Jackson sech am Kampf fir Rechter vun Afroamerikaner an den USA engagéiert. Als Politiker vun den Demokraten huet hien an den 80er Joren zweemol fir d’Amt vum US-President kandidéiert an huet domadder am Endeffekt de Wee fir d’Wal vum éischte schwaarze President preparéiert. Eppes dat jo no den US-Walen am Joer 2008 mam President Barack Obama déi éischte Kéier Realitéit gouf.

Back to Top
CIM LOGO