
Et ass eng ferm ugespaante Situatioun: No de Masseprotester an de leschte Wochen a Méint am Iran an dem brutale Virgoe vun den iraneschen Autoritéiten huet den amerikanesche President Trump schonn e puer Mol ugedeit, datt eng amerikanesch Militär-Interventioun duerchaus realistesch wier.
Virop gëtt am Atomsträit tëscht dem Iran an den USA verhandelt. Dat zu Genève an der Ambassade vum Oman, do kommen dann den Iraneschen Ausseminister Abbas Araghchi a fir d’USA de Spezial-Emissaire Steve Witkoff an dem Donald Trump säin Eedem Jared Kushner beieneen. Konkret wëllen d’USA verhënneren, datt am Iran Atomwaffe gebaut ginn. Den Nuklearprogramm soll limitéiert ginn, dofir fuerdert Teheran awer, datt d’Wirtschaftssanktiounen géint den Iran opgehuewe ginn.
Déi amerikanesch Regierung huet ëmmer nees ugedeit, datt keen Deal Konsequenzen hätt. An dat weist sech aktuell doduerch, datt den US-Militär seng Presenz am Noen Osten mat Fliger-Träger an Truppen massiv verstäerkt huet. Wéi iranesch Staatsmedie mellen, hunn och déi iranesch Revolutiounswiechter ee Militärmanöver an der Mieresstrooss vun Hormus duerchgefouert. Dat, wéi si soen, fir sech op potenziell militäresch Menacen ze preparéieren.
Schonn an de fréien 2000er Jore war déi iranesch Atomwaffeproduktioun Thema: Geheimdéngschter haten deemools erausfonnt, datt den Iran Uran uräichert. Deemools gouf et zwar een Accord, mee den Atomprogramm war ëmmer nees an der Diskussioun.
Iranesch Atomwaffe sinn dann elo nees besonnesch wéinst de rezenten Protester am Land an d’Aktualitéit gerutscht: Wéinst der ekonomesch schwiereger Situatioun am Land sinn ëmmer méi Iraner zanter Enn Dezember zejoert op d’Strooss gaangen, fir géint de Regimm zu Teheran ze protestéieren. D’Autoritéiten hu brutal reagéiert an op d’Demonstrante geschoss: Der iranescher Regierung no sinn iwwer 3.000 Leit ëm d’Liewe komm, Mënscherechtsorganisatiounen schwätzen awer deels vu méi wéi 30.000 Affer. Riets ass vum gréisste Massaker an der rezentster Iranescher Geschicht.
Dës Situatioun huet de politesche Kontext natierlech verännert: Déi Iranesch Autoritéite sinn international ferm kritiséiert ginn, d’USA hunn eng militäresch Interventioun net ausgeschloss. Dësen internationalen Drock huet déi iranesch Regierung wuel dozou verleet, nees méi gespréichsbereet ze sinn a sech Negociatiounen iwwer den Atomprogramm net ze verschléissen. Eventuell manner Wirtschaftssanktioune géifen och d’Situatioun am Iran entschäerfen a mat engem Deal kéint ee Krich evitéiert ginn.
Um Méindeg huet den US-President Donald Trump Journaliste gesot, datt sech d’Iraner wuel dem Drock bewosst wieren, fir een Accord ze fannen. Den US-President bléckt deemno zouversiichtlech op d’Gespréicher. Aus iranesche Kreesser heescht et, datt déi iranesch Säit mat éierlechen a konstruktive Proposen op Genève un den Negociatiouns-Dësch kënnt.