Keng Warnung trotz verdächtege KI-ChatsDéidlech Schëss a Schoul a Kanada hätten eventuell kënne verhënnert ginn

Annick Goerens
Déi 18 Joer al presuméiert Täterin hat virun der Dot mat ChatGPT iwwer Zenarie mat Waffegewalt kommunizéiert. Den OpenAI-Chef Sam Altman huet sech elo entschëllegt.
© PAIGE TAYLOR WHITE/AFP

Zwee an en hallwe Mount no den déidleche Schëss an enger Schoul a Kanada huet sech den OpenAI-Chef Sam Altman dofir entschëllegt, dass seng Firma d'Sécherheetsautoritéiten net iwwer verdächteg KI-Chats vun der presuméierter Täterin informéiert hat. An engem Bréif un d'Awunner vun der Stad Tumbler Ridge, wou d'Schoul war, huet den Altman geschriwwen, dass et him zudéifst leed deet.

Déi 18 Joer al presuméiert Täterin hat virun der Dot mat ChatGPT iwwer Zenarie mat Waffegewalt kommunizéiert. Den Account war zwar vun OpenAI gespaart ginn, nodeems dës Gespréicher opgefall waren, d'Autoritéite goufen deemools awer net informéiert. No Aussoe vun der Firma hat de Fall deemools net déi néideg Schwell erreecht, déi fir eng offiziell Meldung un d'Police als noutwenneg ugesi gouf. No der Tragedie ass dës Entscheedung awer staark kritiséiert ginn. D'Täterin huet nieft hirer Mamm an hirem Hallef-Brudder och nach 5 Studenten vun der lokaler High school erschoss.

Back to Top
CIM LOGO