Ukrain-KrichOp d'mannst fënnef Doudeger a 27 Blesséierter no russeschen Attacken op Dnipro

Marlène Clement
Russland mellt iwwerdeems, dass 127 ukrainesch Drone konnten ofgewiert ginn.
Zerstéierung vun Haiser no der russescher Attack op Dnipro.
Zerstéierung vun Haiser no der russescher Attack op Dnipro.
© AFP (Archiv)

D'Ukrain mellt op en neits fënnef Doudeger a 27 Blesséierter bei russeschen Attacken an der Nuecht op e Samschdeg an der Stad Dnipro, am Oste vum Land. Ënnert de Blesséierte wieren och Kanner, wéi et vun den ukraineschen Autoritéiten heescht. Och zu Charkiw a Cherson wiere Mënsche bei Attacke verwonnt ginn.

D'Attacke waren dann och am Nopeschland Rumänien ze spieren. Duerch Iwwerreschter vun Dronen, déi ukrainesch Ziler viséiert hunn, wiere Gebaier am NATO-Memberland beschiedegt ginn, deelt de rumänesche Verdeedegungsministère um Samschdeg mat, dee Moskau schaarf kritiséiert.

De russesche Verdeedegungsministère deelt sengersäits mat, datt och an der Nuecht op e Samschdeg 127 ukrainesch Dronen hätte kënnen ofgewiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO