168 Persounen ëm d'Liewe kommDéidlecht Feier zu Hongkong: Enquête kritiséiert gravéierend Defiziter bei der Brandsécherheet

RTL mat AFP
Véier Méint nom déidleche Feier an engem Wunnkomplex zu Hongkong, bei deem 168 Persoune gestuerwe waren, weist eng Enquête, datt gravéierend Defiziter bei der Brandsécherheet zur Katastroph bäigedroen hunn.

Enger ëffentlecher Enquête no ass den déidleche Brand am Wunnkomplex Wang Fuk Court zu Hongkong am November 2025 gréisstendeels op Feeler bei der Brandsécherheet a mënschlecht Versoen zréckzeféieren. Beim Feier, dat sech séier a siwe vun aacht Tierm am Komplex ausgebreet hat, waren 168 Mënschen ëm d’Liewe komm.

De Brand gëllt als deen déidlechste Wunnengsbrand weltwäit zanter 1980. Am Komplex hu méi wéi 4.600 Awunner gelieft, vill dovunner eeler Leit.

De Komplex gouf zum Zäitpunkt vum Feier renovéiert an et stoung deemno eng Bambus-Stee ronderëm d’Gebaier. Videomaterial, dat en Donneschdeg bei enger Auditioun virgeluecht gouf, weist, datt wichteg Sécherheetssystemer ausgefall waren.

Sou waren ënner anerem Brandmelder a Schläich fir ze läschen net asazfäeg. Deeler vun der Stee sinn iwwerdeems agestierzt an hunn Noutausgäng blockéiert an och d’Aarbecht vun de Pompjeeë behënnert.

D’Enquête, déi vun engem Riichter geleet gëtt, ënnersicht elo, wéi eng Roll d’Problemer bei de Brandsécherheetsnormen, bei de Bauaarbechten a bei der staatlecher Kontroll gespillt hunn.

D’Police huet bis ewell 38 Persoune festgeholl, ënner anerem wéinst Verdacht op Doudschlag a Bedruch. Zousätzlech huet déi lokal Antikorruptiouns-Instanz 23 weider Persounen am Zesummenhang mat der Affär festgeholl.

D’Ermëttlunge ginn elo weider mat Aussoe vu Beamten, Entrepreneuren an Awunner, fir d’Ursaach an d’Responsabilitéit vum Brand ze klären.

Back to Top
CIM LOGO