Wäisst HausDen Joe Biden verdeedegt de Réckzuch vun US-Truppen aus dem Afghanistan

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg den Owend war et eng Ried vum US-President op der Televisioun. Hien hat déi lescht Deeg näischt zu der Situatioun gesot.

Ech stinn voll a ganz hannert menger Decisioun, sou den Joe Biden. Et war ni eis Aufgab fir eng Natioun am Afghanistan opzebauen, mee fir den Terrorismus do ze bekämpfen. US-Zaldote sollen net an engem Krich stierwen, fir deen déi afghanesch Zaldoten net selwer wëlle kämpfen.

Joe Biden: “Stinn hannert der Decisioun”

Nom Militärasaz, fir d’Leit aus dem Land ze fléien, ginn all Truppen ofgezunn. Et soll net nach een US-President mat deem Krich ze dinn hunn, sou de Joe Biden.
Hie wier kloer géint eng Militärpresenz, déi ni op en Enn géif goen, an dat initiaalt Zil, vun der Lutte géint Al Qaida, wier laang eriwwer, sou de Biden.

Hien huet och eng Warnung a Richtung Taliban ausgeschwat, dass all Attack op d’US-Arméi oder amerikanesch Leit op der Plaz, séier mat Géigenattacken géifen beäntwert ginn. Dëst géif fir all Handlung duerch d’Taliban an Afghanistan gëllen, duerch déi d’US-Personal oder hir Missioune a Gefor wier: “Mir wäerten eis Leit mat vernichtender Gewalt verdeedegen”.

Joe Biden: Kampf géint Terrorismus

Den Afghanistan dierf net rëm ee Refuge fir Terroriste ginn, sou de franséische President Emmanuel Macron, deen um Méindeg den Owend an enger Ried och den Asaz vu Russland, den USA an Europa an deem Sënn gefuerdert huet.

Emmanuel Macron: Géint den Terrorismus

Zesumme mat europäesche Partner wéilt ee géint déi Menace virgoen an och déi nei Flüchtlingswell, déi sech elo ze erwaarden ass, kanaliséieren.

Nieft dem Evakuéiere vu Fransousen aus Afghanistan, huet de Macron och all den afghaneschen Hëllefer op der Plaz, franséisch Ënnerstëtzung zougeséchert.

Emmanuel Macron: Leit a Sécherheet bréngen

Fluchhafen nees op

Am Afghanistan huet sech d’Lag um Fluchhafe vu Kabul berouegt. Nodeems sech e Méindeg dramatesch a chaotesch Zeenen do ofgespillt hunn, konnt d’US-Militär de Fluchhafen esou ofsécheren, datt en erëm konnt opgemaach ginn, sou e Spezialist am Pentagon. Antëscht landen a starten Transportfligeren zu Kabul, fir Diplomaten an hir afghanesch Mataarbechter z’evakuéieren. Frankräich an Däitschland hunn hir éischt Rotatioune gemaach.

Déi éischt Bundeswehr-Maschinn ass no 5 Stonnen dréinen um Himmel en Dënschdeg de Moien zu Kabul gelant, ma nëmme 7 Persoune vun der offizieller Lëscht wieren um Fluchhafe gewiescht. D’Maschinn wier dunn och just mat deene 7 nees fortgeflunn. Bis op déi lescht Drëps wier den Tank duergaangen.

De Grond läit wuel un der Ausgangsspär vun 21 Auer un. D’Ambassade krut net méi Mënschen op de Fluchhafen transportéiert. Wéi et heescht, hätt et och net gehollef, wann de Fliger méi laang gewaart hätt. D’Piloten an d’Besatzung hate fir dës Aktioun op alle Fall kee Versteesdemech.

Op d’mannst 57 Membere vun der däischter Ambassade a weider 88 Däitscher sollten u Bord goen. Si mussen elo op déi nächst A400-M-Maschinn waarden. Um 8 Auer ass den nächste Rettungsvol ugesat.

Am Ganze solle 4 Maschinne vun der Bundeswehr zu Kabul landen. 2 duerften e Méindeg den Owend net landen, et waren einfach ze vill Mënschen op der Pist, déi sech verzweiwelt un de Fligere festhalen.

E Fliger vun der US-Loftwaff huet engem Mediebericht no mat engem eenzege Fluch ronn 640 afghanesch Zivilisten a Sécherheet bruecht. Op der Internetsäit “Defence One” gouf eng Foto vum Banneraum vun der Transportmaschinn vum Typ C-17 verëffentlecht, an deem een Honnerte Mënsche gesäit um Buedem sëtzen. Déi panesch Afghanen hätte sech iwwer déi hallef oppe Ramp an de Fliger gezunn. D’Besatzung hätt decidéiert ze fléien amplaz d’Mënschen ze forcéieren nees vu Bord ze goen.

Krisereunioun

D’EU-Ausseministere beroden um Dënschdeg an enger Krisereunioun, wat ee maache kann, fir souwuel d’Evakuatioune méi séier hinzekréien, awer och fir méiglecherweis diplomatesch Relatioune mat den Taliban anzeriichten.

Am Nomëtteg gesi sech zu Bréissel och d’Ambassadeure vun den Nato-Memberstaaten, mat de selwechte Sujeten.

Den UNO-Weltsécherheetsrot war an der Nuecht op en Dënschdeg scho beieneen an huet en direkt Enn vun alle Kämpf am Afghanistan gefuerdert. Duerch Verhandlunge misst elo eng nei gëeenten a representativ Regierung forméiert ginn, un där och Frae bedeelegt wieren, heescht et an enger offizieller Positioun vun New York.

Den Uno-Generalsekretär Guterres huet d’Taliban opgeruff, d’Mënschen- a Fraerechter anzehalen. Dat wier d’Basis fir international Relatiounen. Déi international Communautéit misst dernieft afghanesch Refugiéë bei sech ophuelen an däerf keng Leit méi dohin zeréckschécken.

Gespréicher mat Russland

Um Dënschdeg gesäit sech dann och de russeschen Ambassadeur am Afghanistan mat Vertrieder vun der radikal-islamescher Miliz. Russland wëll bis op Weideres jo hir Ambassade zu Kabul op loossen.

Viraussetzung dofir wier awer d’Verhale vun den Taliban an, dass d’Sécherheet vun alle Mataarbechter garantéiert wier.

Moskau huet bis ewell nach net wësse gedoen, ob een eng Taliban-Regierung géif unerkennen.

Allgemeng Amnestie fir jiddereen?

D’Taliban hunn um Dënschdeg de Moien eng allgemeng Amnestie fir d’Leit ugekënnegt. An engem Communiqué heescht et, d’Leit sollten a vollem Vertrauen hiert Liewe wéi gewinnt weiderféieren.

Aus Angscht viru Flüchtlingswell: Tierkei baut eng Mauer

D’Tierkei huet ugefaangen eng Mauer laanscht d’Grenz zum Iran ze bauen, fir en neien Massenundrang u Flüchtlingen, virun allem aus Afghanistan, ze verhënneren. Dat huet d’BBC bericht an huet Opname vum Bau gewisen. Bis ewell wier d’Mauer eng 5 Kilometer laang a se soll dem brittesche Sender no knapp 300 Kilometer erreechen.

Back to Top
CIM LOGO