Ongewéinlechen AsazDuschen a Schwämm zu Uewerkuer wéinst Policeasaz blockéiert

Pierre Weimerskirch
E Lieser hat eis um Dënschdegmëtteg op e Virfall an der Schwämm zu Uewerkuer opmierksam gemaach. Géint 11 Auer koum et an den Duschen effektiv zu engem Asaz, huet eis de Pressebüro vun der Police confirméiert.
D’oppe Schwämm zu Uewerkuer
© RTL (Archiv)

Eng Mataarbechterin vun der Schwämm hat d’Police geruff, well e Mann sech am Vestiaire dernieft beholl hätt. Wéi d’Beamten op der Plaz ukoumen, hu si de Mann an der Dusch ugetraff, wou hien sech geweigert huet, erauszekommen.

No sengen Aussoen hätt hie Bauchwéi gehat, an d’Dusch géif him dobäi hëllefen, sech ze berouegen, esou de Pressebüro vun der Police op Nofro. Eng Ambulanz gouf doropshi geruff, allerdéngs hätt de Mann sech onkooperativ gewisen.

Wéi d’Police hien opgefuerdert huet, d’Duschen ze verloossen, och well dës wéinst dem Asaz blockéiert waren, huet hien sech gewiert. D’Beamten hunn de Mann doropshin aus der Dusch missten eraushuelen, dobäi gouf hie liicht blesséiert.

En Dokter koum op d’Plaz, ier de Mann dono an d’Spidol bruecht gouf. D’Police huet matgedeelt, dass de Mann sech do nees berouegt hätt.

Back to Top
CIM LOGO