Schuman-Spideeler schafe FaktenDr. Philippe Wilmes krut definitiv vum HRS-Spidolsgrupp gekënnegt

Roy Grotz
Den RTL-Invité vum Dag, de fréieren LSAP-Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo, hat et e Mëttwoch de Moien live op eiser Antenn ugeschwat, wat d'Affär ëm den Dokter Philippe Wilmes ugeet: aktuell "si mir an engem Provisorium, ausser datt et de Grupp HRS ass, deen eppes Definitives geschaf huet, wat an der Ëffentlechkeet awer wéineg thematiséiert gëtt".
Archivbild: Den Dr. Philippe Wilmes am RTL-Journal
© RTL Lëtzebuerg

Dat “Definitiivt” ass effektiv Ugangs vum Mount offiziell via e Schreiwes geschitt, dat un de Philippe Wilmes adresséiert war: den Dokter, deem reprochéiert gëtt, bei Patiente ouni medezinesch Indiktatioun Kräizbänner operéiert ze hunn, kritt do vun den HRS-Spideeler matgedeelt, dass säi Kontrakt definitiv a mat “Effet immédiat” wéinst “Motifs graves” gekënnegt ass. An deem Bréif gëtt ernimmt, datt keng Vertrauensbasis méi tëscht der Spidolsdirektioun an dem Chirurg géif bestoen. Am Detail gëtt duergeluecht, wat dem Dokter am Fong reprochéiert an als “deplacéiert Behuelen” qualifizéiert gëtt. Virop sinn dat natierlech déi presuméiert medezinesch falsch Diagnosen, déi zu den onnéidege Knéi-Operatioune gefouert hätten. Heibäi baséiert sech den HRS-Grupp op e Rapport vum Paräisser Spezialist Dokter Philippe Beaufils. Dëse Chirurg huet 9 Dossiere vu Patienten am Detail analyséiert a stellt fest, datt professionell Feeler op Basis vun net justifiéierten Indikatioune geschitt wieren. Mee dat ass net deen eenzege Grond fir d’Opléise vum Kontrakt.

Op e puer Säite gëtt dem Dokter Wilmes reprochéiert, dem Image an dem Ruff vum Grupp HRS geschuet ze hunn, well hien eng komplett demesuréiert a politiséiert Mediecampagne montéiert hätt, déi den HRS-Institutiounen, den Dokteren an dem ganze Personal an hirer Reputatioun uerg geschuet hätt. Datt de Chirurg d’Ministeren Deprez a Frieden mat senge Kriticken a polemeschen Aussoe viséiert an ugegraff hätt, gëtt als komplett inappropriéiert bezeechent. D’Conclusioun ass, datt all Zesummenaarbecht definitiv an direkt vun der HRS-Direktioun opgeléist gëtt, well all Vertrauen irreparabel verspillt wier, heescht et am Text. Och hätt de Chirurg géint seng Loyalitéitsobligatioun géintiwwer de Robert Schuman Spideeler verstouss a Valeure wéi Respekt oder Exzellenz reegelrecht violéiert.

Well nach e Recours virum Verwaltungsgeriicht an onofhängeg Prozeduren um Niveau vum Collège Médical an dem Gesondheetsministère géint den Dokter Wilmes amgaange sinn, gëllt natierlech d’Présomption d’innoncence.

Aktuell sinn dräi Experten dermat chargéiert, eng Expertis ze maachen, déi no der Ouschtervakanz soll virleien: dëst sinn d’Dokteren Elvire Servien vu Lyon an de Radiolog Alain Blum vu Nantzeg grad wéi de franséischen Orthoped Jacques Hummer, dee vum Dr Wilmes designéiert gouf. De lo definitiv gekënnegten orthopedesche Chirurg dierf bis Enn Abrëll provisoresch keng Operatioune méi maachen, mee awer nach Consultatiounen, wéi zum Beispill an der neier MediClinic, déi um Findel vum Dokter Wilmes mat initiéiert gouf.

D'Affär Wilmes am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO