Norwegesch KinneksfamillParquet freet iwwer siwe Joer Prisong fir de Jong vum Mette-Marit wéinst Vergewaltegung

AFP, iwwersat vun RTL
Den 29 Joer ale Marius Borg Høiby ass a 40 Punkten ugeklot, ënnert anerem soll hie véier Frae vergewaltegt hunn, wärend déi geschlof hunn, respektiv vu sech waren.
© ANE HEM/AFP

Am Vergewaltegungsprozess géint de Jong vun der norwegescher Krounprinzessin Mette-Marit huet de Parquet zu Oslo siwe Joer a siwe Méint Prisong gefuerdert. “Vergewaltegung ka Suitten hunn, déi net méi fort ginn a Liewen zerstéieren”, sou d’Procureur générale Sturla Henriksbö e Mëttwoch viru Geriicht zu Oslo. Den 29 Joer ale Marius Borg Høiby ass a 40 Punkten ugeklot, ënnert anerem soll hie véier Frae vergewaltegt hunn, wärend déi geschlof hunn, respektiv vu sech waren.

Dobäi kënnt, dass den Ugekloten e puer vu sengen Ex-Frëndinne kierperlech a psychesch mësshandelt soll hunn. Eng Partie Doten huet hie mëttlerweil zouginn, dementéiert awer déi méi schwéier Virwërf. De Marius Borg Høiby ass de Jong vum Mette-Marit aus enger méi fréier Bezéiung, nach iert se mam Krounprënz Haakon zesummekomm ass.

Vergewaltegung kéint “eppes sinn, wat en Affer e Liewe laang net méi lassléisst”, sou nach de Parquet a sengem Schlussplädoyer. Den Ugekloten huet bei der Fuerderung vun der Strof géint hie keng Emotioune gewisen. Maximal kéint hie bis zu 16 Joer Prisong kréien.

© ANE HEM/AFP

Dëse Skandal huet dem Ruff vum norwegesche Kinnekshaus massiv geschuet. Ugefaangen huet dat Ganzt, wéi den Høiby de 4. August 2024 zu Oslo wéinst ënnert anerem presuméierter Kierperverletzung an der Wunneng vu senger deemoleger Frëndin festgeholl gouf.

Am Kader vun Ermëttlungen zu dësem Virfall koumen eng ganz Partie aner presuméiert Strofdoten un d’Liicht. Nodeems d’Ermëttler Videoen op sengem Handy an op sengem Laptop geséchert haten, gouf hie beschëllegt, véier Fraen vergewaltegt ze hunn, déi sech net wiere konnten. Keng vun de véier Fraen wousst der Uklo no iwwerhaapt, wat mat hinne gemaach gouf, bis d’Police hinnen d’Videoe gewisen huet a se iwwert déi presuméiert Doten opgekläert huet.

D’Vergewaltegungen déi am Raum stinn, sinn alleguerten no Partie gemaach ginn, bei deenen den Høiby Alkohol an Droge konsuméiert hat an nodeem et ufanks a sech zu Sex mam Accord vun den Affer komm war. Eng Vergewaltegung soll am Keller vun der Residenz vum Krounprënz Haakon a Meette-Marit geschitt sinn, wärend deem déi Zwee selwer doheem waren. Am Mëttelpunkt vum Prozess stoung d’Fro, ob d’Affer vum Høiby an der Lag waren, dem Sex zouzestëmmen.

Parquet schwätzt vun engem Mann “Deen denkt, alles maachen ze kënnen”

A senger penaler Plainte zeechent de Parquet e Bild vun engem Ugekloten, “deen denkt, dass hien alles maache kann”, an deen net drop aus war, mat senge Sexualpartnerinnen ze schwätzen, “wa se geschlof hunn an hie méi wollt”.

Wärend dem Prozess hat den Ugekloten ëmmer nees vu “Black-Outs” geschwat, ma sech awer drop behaapt, dass et beim Sex ëmmer e géigesäitegen Accord gouf an dass hien net d’Gewunnecht hätt, mat Leit Sex zu hunn, déi schlofen.

Mat Bléck op d’Virwërf vu kierperlecher Gewalt géigeniwwer Ex-Frëndinne beschreift de Parquet de Beschëllegten “als e jalouse Mann, deen dozou tendéiert choleeresch Zich ze hunn”, dee virun allem ënnert dem Afloss vun Drogen “d’Kontroll verléiere” kéint. “Hie kann de Buedem ënner de Féiss verléieren, ausflippen, jäizen, Telefonen oder souguer Messer duerch d’Géigend geheien, a Mauere schloen. A mir hu (an Zeienaussoen) Fäll héieren, wou geschloen, gewiergt a gespaut gouf”, sou d’Beschreiwung vum Ugeklote säitens dem Parquet.

“De Marius Borg Høiby ass kee Monster. Kee vun eis ass dat. Mir sinn all mënschlech Liewewiesen mat gudden a schlechte Säiten. Hie soll net verurteelt ginn, fir dat wien hien ass, mä fir dat, wat hie gemaach huet”, gëtt weider säitens dem Procureur général betount. E Freideg war den Høiby an Tréinen ausgebrach an huet den “Drock vun de Medien” beklot, déi hien “als Persoun ausradéiert hätten”. “Ech sinn net méi de Marius, ech sinn e Monster.” Hie wier a ganz Norwegen “d’Zil vun Haass” ginn, beklot hien.

Zu de weideren Uklopunkte géint hie gehéieren Menacen, Verletzungen vu Kontakt-Spären, Beschiedegung, Verletzung vun der Privatsphär a Verkéiersdelikter, sou wéi den Transport vun 3,5 Kilo Cannabis.

Mam definitiven Urteel ass eréischt an e puer Wochen oder souguer Méint ze rechnen.

Back to Top
CIM LOGO