Bei engem Gondel-Accident am Schwäizer Schi-Gebitt Engelberg ass e Mëttwoch eng Persoun ëm d’Liewe komm. Eng Gondel ass géint 11 Auer moies ofgestierzt a soll sech dunn e puer Mol “iwwerschloen” hunn, wéi et vun der Plaz heescht.
An der Kabinn war zum Zäitpunkt vum Accident nëmmen eng Persoun. Dës huet sech dobäi déidlech Blessuren zougezunn, esou e Vertrieder vun der Kantonspolizei Nidwalden. Weider Detailer zum Affer goufe bis ewell nach net matgedeelt.
De Betrib vun der Seelbunn gouf nom Accident agestallt. D’Evakuatioun vun de Leit, déi an den anere Gondele souzen, huet bis an de Nomëtteg gedauert.
Wéi et zu dësem Accident konnt kommen, konnt ee bei de Bedreiwer vun der Seelbunn e Mëttwoch de Mëtteg nach net soen. “Et ass nach vill ze fréi, fir déi Fro beäntweren ze kënnen”, seet den Norbert Patt, Direkter vun der Bedreiwerfirma. “D’Ekippen, déi de Accident ënnersiche sollen, sinn nach op der Plaz. Am Moment si mer amgaangen, ze ënnersichen, wéi et dozou konnt kommen. Mir stellen den Ermëttler och all d’Daten zu Verfügung, déi mer hunn. Esou wëlle mer erausfannen, wat wierklech geschitt ass, fir datt déi Gondel konnt eroffalen”.
Et besteet de Verdacht, datt de staarke Wand mat Spëtzte vu méi wéi 90 Kilometer an der Stonn den Accident kéint verursaacht hunn. Dëst konnt awer bis elo nach net confirméiert ginn, d’Ermëttlunge lafen.
Déi meescht Lifter am Gebitt ware wéinst dem staarke Wand zougemaach ginn.