Deklaratioun vum Xavier BettelLëtzebuerg wëll Entwécklungszesummenaarbecht trotz Erausfuerderunge weider stäerken

Claudia Kollwelter
An enger ëmmer méi onsécherer Welt huet den Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel betount, datt Lëtzebuerg seng Entwécklungszesummenaarbecht trotz groussen Erausfuerderunge weider stäerke wëllt.
De Multilateralismus wier “indispensabel”, fir global Problemer wéi Aarmut, Klimawandel oder Krisen ze bekämpfen, sou de Xavier Bettel e Mëttwoch.
© Emile Mentz

Deklaratioun Kooperatiounspolitik / Rep. Claudia Kollwelter

A senger Deklaratioun zur Kooperatiounspolitik e Mëttwoch de Moien an der Chamber sot de Xavier Bettel, datt an enger Welt, an där “al Gewëssheeten net méi ze gëlle schéngen”, d’Lëtzebuerger Entwécklungszesummenaarbecht viru groussen Erausfuerderunge steet. Kricher, politesch Spannungen an e Réckgang vu Mënscherechter géifen d’international Zesummenaarbecht ëmmer méi schwéier maachen.

Gläichzäiteg géifen et ëmmer méi humanitär Krise ginn, obwuel d’Moyenen net am selwechte Mooss mat wuessen. D’Fro géif sech also stellen, wéi eng Roll Lëtzebuerg an esou enger Welt spille kann, besonnesch wann et “keng Plaz méi gëtt fir en richtegen Dialog”.

Trotz dësem schwéiere Kontext géif Lëtzebuerg engagéiert bleiwen a wéilt seng Kooperatioun weider stäerken sou den Aussen- a Kooperatiounsministter. D’Zil wier et, eng “sënnvoll Contributioun am Kampf géint d’Aarmut ze leeschten” an dobäi Wäerter wéi Solidaritéit, Partnerschaft a Respekt vu Mënscherechter trei ze bleiwen.

Mat bal 1 Prozent vum Bruttonationalakommes fir Entwécklungshëllef, also 615 Milliounen Euro, géif d’Land weisen, datt et seng international Responsabilitéit eescht hëlt. Gläichzäiteg géif een awer och seng Prioritéiten upassen, sou de Xavier Bettel weider.

Aus onstabele Regioune wéi dem Sahel gouf sech zeréckgezunn, wärend nei Partnerschafte virun allem an Afrika opgebaut ginn, dorënner am Malawi. Aner laangjäreg Kooperatioune ginn ugepasst a moderniséiert, fir besser op déi aktuell Besoinen anzegoen, zum Beispill mam Cap Vert.

Besonnesch wichteg bleift d’Ënnerstëtzung vun der Ukrain, déi nach ëmmer ënner dem Krich leit, souwéi den Engagement am Noen Osten, wou d’humanitär Situatioun “sech weiderhin an engem alarméierende Rhythmus verschlechtert”, wéi de Minister ënnerstrach huet.

Och um multilaterale Plang géif Lëtzebuerg aktiv bleiwen. Trotz dem enger “Afrostellung vum internationale Recht” an enger geschwächter internationaler Kooperatioun hält d’Land un der UNO an aneren Organisatioune fest. De Multilateralismus wier “indispensabel”, fir global Problemer wéi Aarmut, Klimawandel oder Krisen ze bekämpfen, sou de Xavier Bettel.

D’Roll vun den ONGen an der Zivilgesellschaft géif dobäi ëmmer méi wichteg ginn. Lëtzebuerg géif si aktiv ënnerstëtzen, well si eng “Schlësselroll an der Verdeedegung vun de fundamentale Rechter” spillen.

De Xavier Bettel huet an deem Kontext erkläert, datt de Cercle des ONDG och an Zukunft op Basis vun enger Konventioun iwwer fënnef Joer mam Ministère zesumme schaffe wäert, an datt un enger Maison des ONGD geschafft gëtt, déi an d’Avenue de la Liberté wäert kommen.

Am Beräich vun der humanitärer Hëllef géif d’Situatioun ëmmer méi dramatesch ginn, sou nach de Kooperatiounsminister. Weltwäit wieren Millioune Mënschen op Ënnerstëtzung ugewisen, mee et géif ëmmer méi schwéier ginn, dës Besoinen ze decken.

Dofir géif Lëtzebuerg nieft klassescher Hëllef och op innovativ Approchen setzen, fir méi séier an effizient kënnen ze reagéieren.

Trotz enger turbulenter Welt géif Lëtzebuerg e wichtegt Signal sëtzen, an zwar, datt international Solidaritéit, Zesummenaarbecht an Engagement och a schwéieren Zäite méiglech sinn, huet de Xavier Bettel nach ënnerstrach.

Back to Top
CIM LOGO