Méi Kompetitivitéit, manner Fragmentatioun"EU Inc": Kommissioun wëll Bürokratie fir Betriber reduzéieren

RTL mat AFP
Mat der Propos "EU Inc" wëll d'EU-Kommissioun et Entrepreneure méi einfach maachen, "pan-europäesch" Entreprisen ze grënnen – domadder stéisst een awer op Kritik vu Gewerkschaften an Industrievertrieder.
Gewerkschafte fäerten, datt dat neit EU-wäit Regimm d’Rechter vun Aarbechter kéint a Fro stellen.
© NICOLAS TUCAT/AFP

Entrepreneure sollen am Kontext vun neie Pläng, déi e Mëttwoch presentéiert ginn, sougenannte “pan-europäesch Entreprisë” kënne grënnen. D’EU-Kommissioun gesäit doran e Wee, fir Geschäfter innerhalb vun der Unioun manner komplizéiert ze maachen.

D’Propos mam Numm “EU Inc” ass Deel vu verstäerkte Beméiungen, fir de Kompetitivitéitsproblem vun der Europäescher Unioun unzegoen, well d’Wirtschaft an d’Industrie vum Bloc riskéieren, nach weider hannert d’USA a China zeréckzefalen. Gewerkschafte fäerten allerdéngs, datt dat neit EU-wäit Regimm d’Rechter vun Aarbechter kéint a Fro stellen.

EU Inc “huet en einfacht Zil, an zwar, d’Fragmentatioun ze reduzéieren an et Entreprisen ze erlaben, am Bannemaart ënner engem eenheetleche Set vu Reegelen ze agéieren”, sou den EU-Justizkommissär Michael McGrath an enger Erklärung. Déi fräiwëlleg juristesch Struktur riicht sech virun allem un innovativ Entreprisen an Europa, obwuel nach onkloer ass, wéi grouss den Interessi wäert sinn.

D’Gesetz trëtt eréischt a Kraaft, wann d’Memberstaaten an d’Europäescht Parlament en definitiven Text ausgehandelt an ugeholl hunn. Leaderen aus der EU solle sech um Donneschdeg bei engem Sommet zu Bréissel mat der Propos beschäftegen, obwuel de Krich am Noen Osten an d’Konsequenze fir d’Uelegpräisser wuel am Mëttelpunkt vun de Gespréicher wäerte stoen.

Haaptzil verfeelt?

De McGrath sot, Entreprisë kéinten an Zukunft komplett online bannent 48 Stonnen iwwer eng eenzeg Plattform gegrënnt ginn, ouni Mindestkapital. Eng “séier an einfach Unerkennung” kéint et Entreprisë méi liicht maachen, sech op EU-Niveau ze entwéckelen, esou nach d’Ausso vum Think tank Bruegel.

Kritiker, dorënner den Olivier Hoedeman vun der Organisatioun Corporate Europe Observatory, warnen awer, datt d’Geschwindegkeet et méi schwéier kéint maachen, nei Entreprisen adequat ze kontrolléieren. Och Organisatiounen, déi Aarbechter vertrieden, si besuergt iwwer d’Iddi, datt Entreprisen Aktien-Optiounen amplaz vu Salairen ubidde kéinten.

D’Esther Lynch vun der Europäescher Gewerkschaftsconfederatioun huet d’Pläng deementspriechend kritiséiert: “Mir kënnen net akzeptéieren, datt Versprieche vun zukünftegem Succès vun enger Entreprise benotzt ginn, fir aktuell Ausbeutunge vu Salairen ze justifiéieren.”

D’Kommissioun betount awer, datt d’Aarbechtsrecht net ugepaakt gëtt, an datt all Entreprise sech un d’Reegelen hale muss, déi do gëllen, wou si hire Sëtz hunn.

No engem geleakten Entworf huet d’Industriegrupp EU Inc, déi den Numm vun der Propos inspiréiert huet, erkläert, d’Pläng géifen net wäit genuch goen. Si “verfeelen d’Haaptzil, en eenheetleche Standard an Europa ze schafen, dee juristesch Sécherheet fir Startups garantéiert”, well d’juristesch Kompetenz bei nationale Geriichter bleift – “also 27 verschidden Interpretatiounen”.

D’Grupp huet duerfir gefuerdert, datt Bréissel en zentraalt Geriicht fir Sträitfäll aféiert.

De McGrath sot nach, dat neit Regimm géif Entreprisen hëllefen, net méi duerch 27 verschidde Rechtssystemer navigéieren ze mussen, wat “de Wuesstem bremst, d’Käschten erhéicht an dacks Entreprisen dovun ofhält, sech an Europa weider ze entwéckelen”.

Back to Top
CIM LOGO