Jong vum Regisseur Rob Reiner a senger Fra Michele Nick Reiner plaidéiert viru Geriicht op "net schëlleg" am Mord vu sengen Elteren

RTL Lëtzebuerg
De renomméierte Regisseur Rob Reiner a seng Fra Michele Reiner goufen am Dezember op gewaltsam Manéier ëmbruecht.
© POOL/Getty Images via AFP

Den Nick Reiner gouf kuerz no der Entdeckung vun den Elteren am Haus zu Brentwood festgeholl. D’Elteren hate Schnëttverletzungen. Hirem 32 Joer ale Jong gëtt zweefache Mord virgehäit. Hien huet elo viru Geriicht op “net schëlleg” plädéiert.

Den nächste Rendez-vous viru Geriicht ass fir Enn Abrëll geplangt. Wann den Nick Reiner verurteelt gëtt, riskéiert hien entweder eng liewenslaang Prisongsstrof oder méiglecherweis d’Doudesstrof. Den Nick Reiner hat fréier ëffentlech iwwer seng Drogesucht a psychesch Problemer geschwat.

De Rob Reiner war bekannt fir Filmklassiker wéi “When Harry met Sally” a war 78 Joer al. Seng Fra Michele war 70 Joer al an hat als Fotografin a Filmproduzentin geschafft.

D'Koppel Rob a Michele Reiner
D’Koppel Rob a Michele Reiner
© AFP

Back to Top
CIM LOGO