Bar zanter 2019 net méi kontrolléiertPompjeeschef vu Crans-Montana fir Ausso um Policebüro

AFP, iwwersat vun RTL
An der Silvesternuecht gouf d'Bar "Le Constellation" fir 41 Leit zur Doudesfal. Zanter 2019 gouf et an der Bar keng Brandschutzkontrollen. Elo huet de Pompjeeschef vu Crans-Montana missen der Police d'Grënn erklären.
Pompjeeschef vu Crans-Montana fir Ausso um Policebüro
Zanter 2019 gouf et an der Bar “Le Constellation” keng Brandschutzkontrollen. Elo huet de Pompjeeschef missen erklären, firwat.

No der Brandkatastroph an enger Bar zu Crans-Montana an der Schwäiz mat 41 Doudegen an 115 Blesséierten huet de Chef vun de Pompjeeë vun der Gemeng, den David Vocat, misse bei der Police als Zeien aussoen. Journaliste vun der AFP konnten de Vocat e Méindeg duerch d’Scheiwe vun der Entréesdier vum Policebüro zu Sitten am Kanton Wallis gesinn. Hie war iwwer déi hënnescht Dier an d’Gebai gaangen.

Als Ursaach fir de Brand ginn d’Ermëttler jo dovun aus, datt d’Feier duerch Späizmännercher ausgeléist gouf, déi u Schampesfläsche festgemaach waren an ze no un de Plaffong koumen. D’Ermëttlunge sollen déi genee Ëmstänn vum Brand opdecken a klären, ob d’Proprietäre vun der Bar géint Sécherheetsvirschrëfte verstouss hunn. D’Gemeng hat schonn zouginn, datt zanter 2019 keng Brandschutzkontrolle méi an der Bar gemaach goufen. Dat obwuel dës all Joer virgeschriwwe sinn.

D’Ermëttlunge wéinst “Homicide involontaire”, “Blessures involontaire” an “Incendie par négligence” riichte sech géint déi franséisch Besëtzer vun der Bar, de Jacques an d’Jessica Moretti. Ermëttelt gëtt och géint de Sécherheetschef vun der Gemeng Crans-Montana a säi Virgänger. E puer Affekote vun Affer fuerdere weider Ermëttlungen zu méiglechen Oublie bei den Autoritéiten.

Kritik u Kooperatioun mat der Gemeng

De Pompjeeschef Vocat war wärend der Sécherheets- a Brandschutzkontroll an der Bar 2018 present, wéi Schwäizer Medie mellen. Deemools hätt de fréiere Sécherheetsbeoptraagte vun der Gemeng deemno eng Lëscht mat Mängel erstallt, déi der Koppel iwwerreecht gouf, wéi si d’Bar offiziell iwwerholl huet.

D’Auditioun vum Pompjeeschef gouf vun den Affekote vun den Affer mat Spannung erwaart, nodeems de Schwäizer Sender SRF e Sonndeg gemellt hat, datt scho bei enger interner Enquête 2023 uerg Mängel beim Brandschutz vun der Gemeng festgestallt gi wieren.

Hie wier iwwerrascht, datt dëse Rapport eréischt annerhallwe Mount nom Virfall verëffentlecht géing ginn, “obwuel d’Gemeng eis gesot hat, datt si mat der Justiz zesummeschafft, fir d’Wouerecht erauszefannen”, sot den Affekot Alain Viscolo der Noriichtenagence AFP. “Leider muss ech feststellen, datt dëst net de Fall ass”, betount de Viscolo.


Liest dozou och nach:

Back to Top
CIM LOGO